Les familles sont au cœur de l’éducation — un message qui a fortement résonné lors de l’événement de l’European Parents Association organisé au Sénat à Paris le 24 avril.
Wéi kënne Famillje besser am Ëmgang mat der Technologie an dem Gebrauch vun Ecranen ënnerstëtzt ginn? Verpasse Kanner hautdesdaags wäertvoll familiär Erfarungen a Bindungsmomenter? Wéi kënne mir Elteren hëllefen, sech hirem wichtegen Afloss an hirer Roll an der Entwécklung vun hire Kanner bewosst ze ginn?
Dës an nach vill aner Theme goufen an engem inspiréierenden Austausch mat Experten ewéi Marc West (UNESCO) an der Dr. Renate Heinisch ronderëm intergenerationellt Léieren diskutéiert.
Mir si stolz, datt den Eltereforum bei dësem Event als "Beispill vu gudder Praxis ervirgehuewe gouf, an dankbar bei der Diskussioun zur Stäerkung vun de Familljen an der Bildung an Europa dobäi gewiescht ze sinn.

