Affiche MENJE : une famille est assise sur une table, chacun regarde son téléphone portable

« Screen-Life-Balance » – D'Benotzen vun Ecrane mat der Famill

Den Ëmgang mat Ecranen an digitalen Apparater ass Dag fir Dag een Theema bei Famillen. Digital Geräter bidden e Bléck op d’Welt a vereinfachen den Alldag. Mee se kënnen och Gefore mat sech bréngen an der Entwécklung vum Kand schueden, wa se onkontrolléiert an oniwwerluecht agesat ginn.

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnerstëtzt Iech an der Sich nom richtegen Equiliber tëschent der digitaler an der reeller Welt fir Äert Kand.

Eis Kanner léiere vill, andeems se d’Verhale vun de Leit aus hirem Ëmfeld observéieren an nomaachen.

Loosst eis probéieren:

  • den Ëmgang mat Ecrane wärend der gemeinsamer Zäit an der Famill, z. B. wärend de Molzechten, anzeschränken;
  • eis Gewunnechten am Ëmgang mat den digitalen Apparater ze verbesseren;
  • Kannersécherungsoutilen ze benotzen;
  • un Informatiounsatelieren , déi am Eltereforum proposéiert ginn, deelzehuelen.

 

D'Campagne “Sécher.digital” vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend bitt ugepasste Recommandatiounen fir d'Bildschiermzäit un, jee no Altersgrupp vun Ärem Kand:

  • 0 bis 3 Joer: De Kontakt mat Ecrane komplett vermeiden
  • 3 bis 6 Joer: Gëeegent Contenuen auswielen
  • 6 bis 9 Joer: Den Ëmgang mat digitalen Apparater begleeden
  • 9 bis 12 Joer: De Smartphone evitéieren
  • 12 bis 15 Joer: Ze fréi fir d’sozial Medien!
  • 15 Joer: Opmierksam bleiwen

 

Zousätzlech Recommandatiounen iwwert d'Notze vu Bildschiermer an der Famill fannt der am Elterebréif lettre aux parents: « Screen-Life-Balance » 

Weider Informatiounen fannt der op www.sécher.digital

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.