TEILEN

Liesung : « D’Märelchen », mat der Künstlerin Lisa Grosbusch (LU)

« D’Märelchen » mam Lisa Grosbusch.

Eng Liesung mat der Illustratorin a Co-Autorin vum Buch
Wéi all Joer baut d’EwB hiert Bicherzelt wärend der Oktave am Bannenhaff vun der Kathedral op. Ee vun eise Buchtitel dee mir am Zelt stoen hunn ass D’Märelchen aus der Fieder vun zwee Lëtzebuerger Debütautor*innen: De Paul Schmitz an d’Lisa Grosbusch, wat och d’Illustratiounen zum Buch gemoolt huet.

D’Kënschtlerin Lisa Grosbusch kennt an d’Bicherzelt fir aus hirem Kannerbuch D’Märelchen virzeliesen.

D’Märelchen féiert eis vum Wanter an d’Fréijoer, wéisst eis de Wiessel vun de Joreszäiten a bréngt eis méi no, wat eng Märel esou mécht.

Op den Aquarellmolereien gëtt et eng Rëtsch ze entdecken. Duerno gëtt et eng kleng Bastelgeleeëenheet zum Thema „Märel“.

 

Fier weider Informatiounen : vasb@rjo.yh

  Aller au contenu principal