Sech besser kennen, fir méi Gelossenheet an der Famill – E Workshop fir Elteren ronderëm d’Emotiounen an d’Gläichgewiicht.
Munchmol ginn et Situatiounen déi een iwwerfuerderen an et réagéiert een anescht wéi een sech dat virgeholl oder gewënscht hat. Mee wéi a wou fënnt een déi néideg Gelossenheet? Dësen Atelier kann :
- Hëllefen ze verstoen op wéi eng Aart dir an äert Kand reagéiert
- En Iwwerbléck iwwer är Ressourcen a Valeuren ginn.
- Hëllefen ze verstoen, dass mer all “Saboteuren” hunn an dass ee ka léieren besser domat ëmzegoen.
- Exercice matginn déi hëllefen säin Equiliber erëm ze fannen fir besser kënnen ze kommunizéieren.
- Hëllefen sech besser ze fillen an erausfuerdernden Situatiounen
- Sech insgesamt méi wuel a sécher ze spieren am Ëmgang mat Aneren.
Informatiounen & Contact :
Pascal Dickes, Coordinateur régional
cnfpny.qvpxrf@zra.yh
Tél. : 621 108 277
rygrersbehz.oregenatr@zra.yh