PARTAGER:

Webinaire : Cannabis – Wat ass wat ? (LU)

Cannabis – eng Substanz déi ëmmer nees zu ville Gespréicher a Froe féiert, wéi: Wat ass den Ënnerscheed tëschent Gras a Shit?Ass Cannabis geféierlech? Ass Cannabis eng „Einstiegsdroge“? Mécht Cannabis süchteg?
Dës Froe wäerte mer e.a. an der Informatiounsveranstaltung behandelen.
Och wa Cannabis fir Jugendlecher illegal bleift, ass et wichteg, Cannabis net zum Tabuthema ze maachen. Den Expert aus dem Centre National de Prévention des Addictions wäert och dozou Tipps ginn, wéi ee mat sengem Kand iwwer d‘Thema Cannabis ka schwätzen.

Collaboratiounspartner : Eltereschoul a CNAPA

Intervenant : Both Luc, Pédagogue (CNAPA)

Aschreiwungen an Informatioune : rygrerfpubhy@xnaarefpuynff.yh

  Aller au contenu principal