Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Zum Haaptinhalt sprangen

Iwwer eis

Eis Missioun

Austausch

D’Eltereforume fërderen den Austausch an d’Begegnung tëscht Elteren souwéi tëscht Elteren a Fachleit. Si ënnerstëtzen d’Vernetzung mat enger grousser Zuel vu kompetente Partner a setzen sech fir eng fundéiert an aktuell Approche ronderëm d’Eltereschaf an.

Informatioun

D’Eltereforume erliichteren den Zougang zu qualitativ héichwäerteger Informatioun iwwer d’Eltereschaf. Si déngen als Informatiounsplaz a droen aktiv dozou bäi, d’ganz Gesellschaft fir d’Thema Eltereschaf ze sensibiliséieren. Zu hirer Missioun gehéiert och, d’Elteren an hirer Eltereroll ze stäerken an ze valoriséieren.

Ënnerstëtzung

D’Eltereforume begleeden, beroden a stäerken d’Elteren an hirer Eltereroll. Si ënnerstëtzen si, wann et néideg ass, a stinn hinnen duerch déi verschidde Liewensphase vun hire Kanner zur Säit. Dobäi begleeden d’Eltereforume d’Elteren mat Respekt virun hirer Liewenssituatioun an hire Ressourcen.

Charta vum Service Eltereforum

Eis Engagementer fir d’Ënnerstëtzung vun der Eltereschaf

Ënnerschriwwe Charta eroflueden
01

E Service fir all Elteren – vun der Schwangerschaft bis zur Volljäregkeet vun de Kanner

Eise Service riicht sech un all Elteren, Grousselteren, Tutoren an no Familljememberen, onofhängeg vun hirer Familljesituatioun, hirem sozialen oder kulturellen Hannergrond, hirem Wunnuert, hirer sexueller Orientéierung oder engem spezifesche Besoin.

Mir berücksichtegen d’Besoine vun den Elteren jee no Entwécklungsphas vum Kand – vun der Schwangerschaft an der fréier Kandheet (0–3 Joer), iwwer d’Kandheet (4–12 Joer) bis an d’Jugend (13–18 Joer).

02

Elterenkompetenze valoriséieren a stäerken

Eis Begleedung baut op de Ressourcen vun den Elteren op a mécht hir Kompetenzen a Stäerkte siichtbar. D’Eltere gi gestäerkt a begleet, dobäi gi si an hir aktuell Liewenssituatioun berücksichtegt. Mir ginn dovun aus, datt gestäerkt a sécher Elteren hir Kanner besser begleede kënnen.

03

Fréi Präventioun

Eis Interventioune sollen esou fréi wéi méiglech usetzen an éischt Zeeche vu Schwächten oder Schwieregkeeten fréi erkennen. Besonnesch Opmierksamkeet gëllt der Schwangerschaft an den éischten dausend Deeg vum Liewe vum Kand.

04

Sensibiliséierung an Informatioun

Mir engagéieren eis, d’Ëffentlechkeet souwéi institutionell a politesch Acteuren fir d’Thema Eltereschaf an d’Wichtegkeet vun der Elterenënnerstëtzung ze sensibiliséieren. Mir informéieren d’Elteren iwwer hir Rechter a Verantwortung an iwwer déi Servicer an Ënnerstëtzungsmoossnamen, déi si betreffen. Mir lauschteren den Elteren no, erfaassen hir Besoinen an Uleies an integréieren dës an eis Missioun.

05

Qualitativ Aarbecht

D’Membere vun eisem multidisziplinären Team (intern an extern Fachleit) hunn eng Ausbildung an/oder Erfarung an engem Beräich am Zesummenhang mat der Eltereschaf. Si hunn Zougang zu Ressourcen, Austausch, Reflexioun a kontinuéierlecher Weiderbildung. Si schaffen zesummen, fir datt d’Elteren vun hire komplementäre Kompetenze profitéieren. Mir féieren quantitativ a qualitativ Evaluatiounen duerch an notzen de Feedback, fir eis Offer unzepassen an hir Wierksamkeet ze iwwerpréiwen.

06

Zesummeschaffen, Nolauschteren a Wuelwëllen

Eis Interventioune ginn zesumme mat den Elteren entwéckelt a respektéieren d’Eenzegaartegkeet vun all Famill. Si baséieren op Nolauschteren an Austausch, ouni Uerteel oder Zwang. Si stäerken d’mënschlech Bezéiungen, den Informatiounsaustausch an d’gemeinsam Sich no Léisungen.

07

Ressourcen, Austausch an Informatioun

Eis Treffpunkten an digital Plattformen si barrièrefräi, begréissend a bidden e séchert Ëmfeld fir Familljen a Fachleit. Si erméiglechen den Austausch vun Informatiounen, Erfarungen a gudde Praktiken a stellen den Elteren ausgewielte Ressourcen zur Eltereschaf zur Verfügung.

08

Begleedung a Weidervermëttlung

Mir ënnerstëtzen a begleeden d’Elteren an hirer Eltereroll am Kader vun eise fachleche Kompetenzen a vermëttelen si, wann néideg, un zoustänneg Expertinnen an Experten.

09

Respekt virun Gläichstellung a Diversitéit

Mir fërderen d’Gläichstellung vun de Geschlechter an der Eltereschaf a respektéieren d’Diversitéit an all hire Formen.

10

De soziale Zesummenhalt stäerken

Mir droen zum gudde Matenee bäi, andeems mir e gerechten Zougang zu Ressourcen a Servicer garantéieren, all Kulturen abezéien an vulnerabel Famillje besonnesch ënnerstëtzen.

11

Vernetzung

Eis Ekippe schaffe mat lokalen, regionalen, nationalen an internationale Partner zesummen, fir d’Begleedung vun den Elteren ze stäerken an als Facilitateur am Beräich vun der Eltereschaf zu Lëtzebuerg ze wierken.

12

Verankerung a Weiderentwécklung

Wéinst der grousser Villfalt un Approchen an Disziplinnen am Beräich vun der Eltereschaf ass et eis wichteg, eng oppen a wuelwollend Haltung anzeschloen, déi eng Diversitéit u Ressourcen integréiert. Mir observéieren d’Entwécklunge ronderëm d’Eltereschaf permanent a verstinn eis als eng léierend Organisatioun.