
Eng Plaz fir all Elteren
D'Elterefore si Plazen, op deenen all d'Eltere sech an engem frëndleche Kader austauschen, informéieren a begleede loosse kënnen.







Neiegkeeten



Den Eltereforum hëlt un der Ofschlossveranstaltung vun de Semaines de la Santé Mentale deel
Eis Missioun
Austausch
D’Eltereforen fërderen den Austausch an d’Treffen tëscht Eltere souwéi tëscht Elteren a Fachleit. Si ënnerstëtzen d’Vernetzung mat enger grousser Zuel vu kompetente Partner a setzen sech fir eng fundéiert an aktuell Approche ronderëm d’Elteresinn an.
Informatioun
D’Eltereforen erliichteren den Zougang zu qualitativ héichwäerteger Informatioun iwwer d’Elteresinn. Si déngen als Informatiounsplaz a droen aktiv dozou bäi, d’ganz Gesellschaft fir d’Thema Elteresinn ze sensibiliséieren. Zu hirer Missioun gehéiert och, d’Elteren an hirer Eltereroll ze stäerken an ze valoriséieren.
Ënnerstëtzung
D’Elterefore begleeden, beroden a stäerken d’Elteren an hirer Eltereroll. Si ënnerstëtzen si, wann et néideg ass, a stinn hinnen duerch déi verschidde Liewensphase vun hire Kanner zur Säit. Dobäi begleeden d’Eltereforen d’Eltere mat Respekt virun hirer Liewenssituatioun an hire Ressourcen.
Charta vum Service Eltereforum
Eis Engagementer fir d’Ënnerstëtzung vun der Eltereschaf
E Service fir all Elteren – vun der Schwangerschaft bis zur Volljäregkeet vun de Kanner
Eise Service riicht sech un all Elteren, Grousselteren, Tutoren an no Familljememberen, onofhängeg vun hirer Familljesituatioun, hirem sozialen oder kulturellen Hannergrond, hirem Wunnuert, hirer sexueller Orientéierung oder engem spezifesche Besoin.
Mir berücksichtegen d’Besoine vun den Elteren jee no Entwécklungsphas vum Kand – vun der Schwangerschaft an der fréier Kandheet (0–3 Joer), iwwer d’Kandheet (4–12 Joer) bis an d’Jugend (13–18 Joer).
Elterenkompetenze valoriséieren a stäerken
Eis Begleedung baut op de Ressourcen vun den Elteren op a mécht hir Kompetenzen a Stäerkte siichtbar. D’Eltere gi gestäerkt a begleet, dobäi gi si an hir aktuell Liewenssituatioun berücksichtegt. Mir ginn dovun aus, datt gestäerkt a sécher Elteren hir Kanner besser begleede kënnen.
Fréi Präventioun
Eis Interventioune sollen esou fréi wéi méiglech usetzen an éischt Zeeche vu Schwächten oder Schwieregkeeten fréi erkennen. Besonnesch Opmierksamkeet gëllt der Schwangerschaft an den éischten dausend Deeg vum Liewe vum Kand.
Sensibiliséierung an Informatioun
Mir engagéieren eis, d’Ëffentlechkeet souwéi institutionell a politesch Acteuren fir d’Thema Eltereschaf an d’Wichtegkeet vun der Elterenënnerstëtzung ze sensibiliséieren. Mir informéieren d’Elteren iwwer hir Rechter a Verantwortung an iwwer déi Servicer an Ënnerstëtzungsmoossnamen, déi si betreffen. Mir lauschteren den Elteren no, erfaassen hir Besoinen an Uleies an integréieren dës an eis Missioun.
Qualitativ Aarbecht
D’Membere vun eisem multidisziplinären Team (intern an extern Fachleit) hunn eng Ausbildung an/oder Erfarung an engem Beräich am Zesummenhang mat der Eltereschaf. Si hunn Zougang zu Ressourcen, Austausch, Reflexioun a kontinuéierlecher Weiderbildung. Si schaffen zesummen, fir datt d’Elteren vun hire komplementäre Kompetenze profitéieren. Mir féieren quantitativ a qualitativ Evaluatiounen duerch an notzen de Feedback, fir eis Offer unzepassen an hir Wierksamkeet ze iwwerpréiwen.
Zesummeschaffen, Nolauschteren a Wuelwëllen
Eis Interventioune ginn zesumme mat den Elteren entwéckelt a respektéieren d’Eenzegaartegkeet vun all Famill. Si baséieren op Nolauschteren an Austausch, ouni Uerteel oder Zwang. Si stäerken d’mënschlech Bezéiungen, den Informatiounsaustausch an d’gemeinsam Sich no Léisungen.
Ressourcen, Austausch an Informatioun
Eis Treffpunkten an digital Plattformen si barrièrefräi, begréissend a bidden e séchert Ëmfeld fir Familljen a Fachleit. Si erméiglechen den Austausch vun Informatiounen, Erfarungen a gudde Praktiken a stellen den Elteren ausgewielte Ressourcen zur Eltereschaf zur Verfügung.
Begleedung a Weidervermëttlung
Mir ënnerstëtzen a begleeden d’Elteren an hirer Eltereroll am Kader vun eise fachleche Kompetenzen a vermëttelen si, wann néideg, un zoustänneg Expertinnen an Experten.
Respekt virun Gläichstellung a Diversitéit
Mir fërderen d’Gläichstellung vun de Geschlechter an der Eltereschaf a respektéieren d’Diversitéit an all hire Formen.
De soziale Zesummenhalt stäerken
Mir droen zum gudde Matenee bäi, andeems mir e gerechten Zougang zu Ressourcen a Servicer garantéieren, all Kulturen abezéien an vulnerabel Famillje besonnesch ënnerstëtzen.
Vernetzung
Eis Ekippe schaffe mat lokalen, regionalen, nationalen an internationale Partner zesummen, fir d’Begleedung vun den Elteren ze stäerken an als Facilitateur am Beräich vun der Eltereschaf zu Lëtzebuerg ze wierken.
Verankerung a Weiderentwécklung
Wéinst der grousser Villfalt un Approchen an Disziplinnen am Beräich vun der Eltereschaf ass et eis wichteg, eng oppen a wuelwollend Haltung anzeschloen, déi eng Diversitéit u Ressourcen integréiert. Mir observéieren d’Entwécklunge ronderëm d’Eltereschaf permanent a verstinn eis als eng léierend Organisatioun.

Den Eltereforum a Biller
Entdeckt den Eltereforum an dësem Video: eng lieweg, oppen an engagéiert Plaz, wou sech d’Generatioune begéinen, sech austauschen a wäertvoll Momenter matenee deelen. Dës Biller ginn en Abléck an déi besonnesch Atmosphär, déi den Eltereforum zu enger Plaz vu Gemeinschaft, Gesellegkeet a sozialem Zesummenhalt mécht.
Eis Offer
Coursen a Konferenzen
Informatiounen, Tipps a konkret Iddie fir Iech am Familljenalldag ze begleeden.
Treffen an Aktivitéiten
Geleeënheete fir sech ze treffen, auszetauschen, kreativ ze sinn a gemeinsam Zäit ze verbréngen.
Promotioun vum Service
Entdeckt den Eltereforum, seng Servicer an Aktivitéite fir Familljen.