Mental Gesondheet stäerken duerch Zesummenaarbecht a Vernetzung
Den Eltereforum um Resilienz Forum 2026
D’Equipe vum Eltereforum huet um Resilienz Forum « Gesond liewen an enger digitaler Welt » deelgeholl. Si huet sech bei World Caféen a Fachvirträg mat Professionellen ausgetosch an uschléissend um Infostand iwwer d’Missiounen an d’Offer vum Eltereforum informéiert.
Am Kader vum Resilienz Forum « Gesond liewen an enger digitaler Welt », dem Ofschlossevent vun de Semaines de la Santé Mentale, huet den Eltereforum un de verschiddenen Austausch- an Informatiounsformater deelgeholl. De Forum huet sech mat der Fro beschäftegt, wéi mir an enger ëmmer méi digitaler Welt gesond a resilient kënne liewen.
D'Mataarbechterinnen vum Eltereforum hunn un de World Caféen fir Professioneller aus dem soziale Secteur deelgeholl an och de Kuerzvirträg an Diskussiounsronnen nogelauschtert. Dës Momenter vum Austausch hunn et erméiglecht, sech mat aneren Acteuren aus de Beräicher Preventioun, Gesondheet a Familljebegleedung ze vernetzen an auszetauschen.
Uschléissend war den Eltereforum mat engem Infostand präsent. Déi vill interesséiert Professioneller konnten sech do iwwer d'Offer, d'Missiounen an d'Aarbecht vum Eltereforum informéieren an direkt mat eisem Team an den Austausch kommen.
Mir freeën eis, Deel vun dësem wichtegen Event gewiescht ze sinn an esou d'Sensibiliséierung an d'Vernetzung ronderëm d'Thema mental Gesondheet weider ze stäerken.

