
Rechtlech Informatiounen
Impressum
Hei fannt Dir déi rechtlech Informatiounen iwwer d’Websäit vum Eltereforum, hire Bedreiwer an hir Notzung.
Déi offiziell Versioun vun dëse rechtlechen Hiweiser ass déi franséisch Versioun.
Allgemeng Benotzungsbedéngunge vum Site
All Persoun, déi d’Informatiounen, Dokumenter, Produiten, Software an déi verschidde Servicer (zesummen d’„Servicer“) benotzt, déi op dësem Site ugebuede ginn, gëllt als Persoun, déi all d’Bestëmmungen an Hiweiser vun dësen allgemenge Benotzungsbedéngunge gelies an akzeptéiert huet.
„Organismus“ bezeechent déi ëffentlech Autoritéit, de Ministère, d’Verwaltung oder en aneren ëffentlechen Organismus, deen eleng oder zesumme mat anere fir dëse Site verantwortlech ass.
Flichte vum Benotzer
Den Zougang zum Site erfollegt iwwer den Internet. De Benotzer erkläert, d’Risiken dovun ze kennen an ze akzeptéieren. Hie muss sech géint d’Auswierkunge vun der Computerpiraterie schützen, andeems hien eng passend a sécher IT-Konfiguratioun benotzt.
De Staat vum Groussherzogtum Lëtzebuerg kann net fir Schied haftbar gemaach ginn, déi de Benotzer direkt oder indirekt am Zesummenhang mam Surfen op dësem Site an der Benotzung vu senge Servicer souwéi vun den Internetsitten, op déi hie verweist, erliewe kéint.
D’Benotzung vum Site ass gratis.
Cookie-Gestioun
Dëse Site benotzt Client-Cookien, kleng Textdateien, déi et erlaben, Informatiounen iwwer d’Navigatioun vum Benotzer ze analyséieren (Heefegkeet vun de Visitten, Dauer vun de Visitten, besichte Säiten asw.).
Si gi vum Site an engem dofir virgesinnen Dossier um Computer vum Benotzer ofgeluecht. Si enthalen ënner anerem den Numm vum Server, dee se geschriwwen huet, eng Kennung a Form vun enger eenzegaarteger Nummer an en Oflafdatum. Déi eenzegaarteg Kennung erlaabt dem Site, de Computer vum Benotzer bei all Visitt erëmzëerkennen.
Sessiounscookië gi vum Computer vum Benotzer geläscht, wann seng Sessioun zougemaach gëtt. Persistent Cookië bleiwen awer fir 1 Mount nom Enn vun der Sessioun um Computer vum Benotzer.
De Benotzer ka selwer entscheeden, ob de Webserver vun dësem Site autoriséiert ass, Cookien op sengem Computer ze späicheren oder net. Hie kann zu all Moment d’Optioune vu sengem Browser esou astellen, datt Cookien net akzeptéiert a gespäichert ginn. Ausserdeem kann hien zu all Moment scho gespäichert Cookien iwwer de Browser läschen (kuckt d’Cookie-Charta).
D’Benotzung vu bestëmmte Funktioune vum Site ka limitéiert oder deaktivéiert ginn, wann de Benotzer d’Cookië vum Site refuséiert. Et gëtt dem Benotzer dofir recommandéiert, säi Browser esou anzestellen, datt d’Cookië vum Site akzeptéiert ginn.
Ännerung vum Site
De Staat vum Groussherzogtum Lëtzebuerg behält sech d’Fräiheet vir, dëse Site ouni Virankënnegung weiderzeentwéckelen, ze änneren oder auszesetzen, aus Grënn vum Ënnerhalt, vun der Aktualiséierung oder aus all anerem Grond, deen als néideg ugesi gëtt.
De Staat vum Groussherzogtum Lëtzebuerg kann ënner anerem zu all Moment all oder en Deel vun den Informatiounen a Servicer, déi um Site enthale sinn oder ugebuede ginn, ewechhuelen, derbäisetzen, ergänzen oder preziséieren. De Staat vum Groussherzogtum Lëtzebuerg kann net fir direkt oder indirekt Schied am Zesummenhang mat esou Ännerungen haftbar gemaach ginn.
Allgemeng Haftungsbeschränkungen
De Staat vum Groussherzogtum Lëtzebuerg wäert sech no beschtem Wësse beméien, eng maximal Disponibilitéit vun dësem Site ze assuréieren. Hie kann awer net haftbar gemaach ginn, wann de Site zäitweileg oder komplett net disponibel ass.
De Staat vum Groussherzogtum Lëtzebuerg wäert sech no beschtem Wësse beméien, d’Sécherheet vum IT-System ze assuréieren. Hie kann awer net haftbar gemaach ginn, wann den IT-System ugegraff gëtt oder de Site zäitweileg oder komplett net disponibel ass.
De Staat vum Groussherzogtum Lëtzebuerg wäert sech no beschtem Wësse beméien, d’Genauegkeet vun den Informatiounen ze assuréieren, déi um Site enthale sinn oder op de sozialen Netzwierker publizéiert ginn. Hie kann awer net haftbar gemaach ginn, wann eng Informatioun oder e Formular net aktualiséiert gëtt, bei Feeler an der Bedéngung vum System oder bei der Dateagab, bei Ongenauegkeeten, Lacunnen an de bereetgestallten Informatiounen oder eventuelle Feeler.
D’Zil ass et, genee an aktuell Informatiounen aus verschiddene Quellen ze verbreeden, mee de Staat vum Groussherzogtum Lëtzebuerg kann awer net all Risiko vun engem sachleche Feeler ausschléissen.
Keng vun den Informatiounen, déi op dësem Site publizéiert ginn, soll vollstänneg sinn oder stellt eng Verflichtung vum Staat vum Groussherzogtum Lëtzebuerg duer. Vereinfacht Erklärungen an Iwwersetzunge ginn zu Informatiounszwecker ugebueden. Nëmmen déi am Mémorial (Amtsblat vum Groussherzogtum Lëtzebuerg) publizéiert Gesetzestexter si verbindlech.
D’Informatiounen op dësem Site sinn allgemenger Natur. Si sinn net u perséinlech oder spezifesch Ëmstänn ugepasst a kënnen dofir net als perséinlech, berufflech oder juristesch Berodung fir de Benotzer ugesi ginn.
Wann de Benotzer perséinlech oder spezifesch Berodung brauch, muss hien ëmmer déi zoustänneg Servicer an de verschiddene Verwaltunge consultéieren.
Haftungsbeschränkung vum Site
D’Haftung vun dësem Site ass ausdrécklech ausgeschloss fir all direkt an indirekt Konsequenzen:
vun engem Manktem u Kompatibilitéit tëscht dem ugebuedene Service an den Equipementer, Applikatiounen, Prozeduren oder Infrastrukture vum Benotzer oder vun Drëtten;
vun enger Sécherheetslück, déi vum Benotzer oder engem Drëtte staamt, an allgemeng vun all Sécherheetslück, déi net direkt dësem Site zouzerechnen ass;
vu Feeler an/oder Bedruch, déi vum Benotzer oder engem Drëtte begaange ginn;
vun enger eventueller Netdisponibilitéit oder engem schlechte Fonctionnement vun elektronesche Kommunikatiounssystemer oder -netzwierker.
Linken op verlinkte Sitten
Fir d’Benotzer kann dëse Site Linken op aner Sitten enthalen, déi fir si nëtzlech oder interessant kënne sinn.
De Staat vum Groussherzogtum Lëtzebuerg a besonnesch den Organismus kontrolléieren den Inhalt vun dëse Sitten net systematesch. Si kënnen dofir net fir d’Inhalter haftbar gemaach ginn, déi op dësen Internetsitte presentéiert ginn, weder wat hir Rechtméissegkeet nach d’Genauegkeet vun den Informatiounen ugeet, déi sech do befannen.
Geeschtegen Eegentum
De Site, all seng Elementer (och de Layout) souwéi d’Informatiounen a Servicer si geschützt duerch d’Gesetzer iwwer de geeschtegen Eegentum an d’Auteursrechter.
Wann net anescht uginn, gëtt de Staat vum Groussherzogtum Lëtzebuerg keng Lizenz oder Autorisatioun fir d’Rechter vum geeschtegen Eegentum, déi hien op dësem Site, senge Bestanddeeler oder de Servicer huet.
Ausserdeem ass keng vollstänneg oder deelweis Reproduktioun vun den Informatiounen oder Servicer, a wéi enger Form a mat wéi engem Mëttel och ëmmer, ouni vireg schrëftlech Autorisatioun vum Organismus erlaabt.
Wann net anescht uginn, ass de Benotzer autoriséiert, déi disponibel Dokumenter an Informatiounen ënner de follgende Bedéngungen ze consultéieren, erofzelueden an auszedrécken:
d’Dokumenter däerfen nëmme perséinlech fir Informatiounszwecker an an engem strikt private Kader oder berufflech duerch Mataarbechter vum nationale Bildungswiese benotzt ginn;
d’Dokumenter an Informatiounen däerfen op keng Aart a Weis geännert ginn.
Déi Rechter, déi uewen implizitt oder ausdrécklech accordéiert ginn, stellen eng Benotzungsautorisatioun duer an op kee Fall eng Iwwerdroung vu Rechter, Eegentum oder anere Rechter a Bezuch op dëse Site.
Ännerung vun den allgemenge Benotzungsbedéngungen
Dës allgemeng Benotzungsbedéngunge kënnen zu all Moment ouni Virankënnegung geännert oder ergänzt ginn, jee no den Ännerungen um Site, der Entwécklung vun der Gesetzgebung oder aus all anerem Grond, deen als néideg ugesi gëtt.
Et ass um Benotzer, sech iwwer déi allgemeng Benotzungsbedéngunge vum Site z’informéieren; nëmmen déi aktualiséiert Versioun, déi online zougänglech ass, gëllt als déi geltend Versioun.
Et ass méiglech, datt déi besonnesch allgemeng Benotzungsbedéngungen tëscht zwou Benotzunge vum Site geännert ginn. Et ass dofir um Benotzer, dës virun all neier Benotzung gutt ze liesen.
Applicabelt Recht an zoustänneg Geriichter
All Sträit iwwer d’Benotzung vun dësem Site a senge Servicer ënnerläit dem lëtzebuergesche Recht a fält an déi exklusiv Zoustännegkeet vun de Geriichter vum Groussherzogtum Lëtzebuerg.
Schutz vu perséinlechen Donnéeën
Allgemenges
1. Benotzung vun IP-Adressen an de Logs vun de Webservere fir Sécherheetszwecker
Déi perséinlech Donnéeën, déi de Benotzer matdeelt, ginn am Aklang mat der Veruerdnung (EU) 2016/679 vum Europäesche Parlament a vum Conseil vum 27. Abrëll 2016 iwwer de Schutz vun natierleche Persoune bei der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën an iwwer de fräie Verkéier vun dësen Donnéeën („RGPD“) veraarbecht.
De Staat vum Groussherzogtum Lëtzebuerg erhieft keng perséinlech Donnéeën, ausser IP-Adressen an de Logs vun de Webservere fir Sécherheetszwecker. D’Awilligung vum Benotzer ass virum Besuch vun dësem Site net néideg.
De Verantwortleche fir d’Veraarbechtung vun dësen Donnéeën ass den Organismus, dee fir dëse Site verantwortlech ass.
Dës perséinlech Donnéeë sinn nëmmen zougänglech fir déi autoriséiert Mataarbechter vum Organismus, dee fir dëse Site verantwortlech ass, an, wann néideg, fir Empfänger am Kader vun der Erfëllung vun hirer Missioun an der Erreechung vun de genannten Zwecker.
Dës Donnéeë ginn nëmme fir déi onbedéngt néideg Dauer gespäichert.
Déi gesetzlech Reegele fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeën, besonnesch d’Rechter vun de Persounen, déi vun de Veraarbechtunge betraff sinn (Recht op Zougang zu den Donnéeën, Recht op Rectificatioun vun den Donnéeën asw.), gëllen ënner den entspriechende Bedéngungen an ënner Virbehalt vun de virgesinnen Ausnamen an Derogatiounen.
De Benotzer ka Froen iwwer de Schutz vu sengen Donnéeën iwwer déi jeeweileg bereetgestallte Kommunikatiounskanäl souwéi un de Verantwortleche fir d’Veraarbechtung, also den Organismus, dee fir dëse Site verantwortlech ass, riichten, andeems hie seng Identitéit noweist (dat heescht, andeems hie senger Ufro eng lieserlech a siichtbar Kopie vu sengem Identitéitsdokument bäileet).
De Benotzer kann seng Ufro och un den Dateschutzbeoptraagte vum Organismus, dee fir de Site verantwortlech ass, iwwer déi follgend E-Mail-Adress riichten: dpo@men.lu.
Bei der Nationaler Dateschutzkommissioun mat Sëtz op 15, boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux, kann, wann zoutreffend, eng Reklamatioun iwwer d’Rechter vun de betraffene Persounen agereecht ginn.
2. Méiglech Benotzung vu perséinlechen Donnéeën duerch d’Servicer vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend no enger Kontaktopnam duerch de Benotzer
Beim Surfen op dësem Internetsite kann de Benotzer sech iwwer déi verschidde Servicer informéieren, déi vum Organismus ugebuede ginn, dee fir dëse Site verantwortlech ass, also dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.
Wann de Benotzer e Service vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend kontaktéiert, kënne perséinlech Donnéeë vum jeeweilege Service als Verantwortleche fir d’Veraarbechtung veraarbecht ginn. Déi europäesch Veruerdnung (EU) 2016/679 iwwer de Schutz vu perséinlechen Donnéeën (RGPD) an déi eventuell applicabel gesetzlech Bestëmmunge ginn agehalen.
Dës perséinlech Donnéeë sinn nëmmen zougänglech fir déi autoriséiert Mataarbechter vum Ministère an, wann néideg, fir Empfänger am Kader vun der Erfëllung vun hirer Missioun an der Erreechung vun den Zwecker.
Dës Donnéeë ginn nëmme fir déi onbedéngt néideg Dauer gespäichert.
Dës Donnéeë kënne fir Archivatiounszwecker am ëffentlechen Interessi, fir wëssenschaftlech oder historesch Fuerschungszwecker oder fir statistesch Zwecker veraarbecht ginn. Wann zoutreffend, ënnerläit dës Veraarbechtung passende Garantien, fir d’Rechter a Fräiheete vun de betraffene Persounen ze garantéieren. Et ginn dofir technesch an organisatoresch Moossnamen ëmgesat, fir besonnesch de Prinzip vun der Dateminimiséierung ze assuréieren.
Déi gesetzlech Reegele fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeën, besonnesch d’Rechter vun de Persounen, déi vun de Veraarbechtunge betraff sinn, gëllen ënner den entspriechende Bedéngungen an ënner Virbehalt vun de virgesinnen Ausnamen an Derogatiounen.
Fir Froen iwwer d’Veraarbechtung vun dësen Donnéeën oder fir seng Rechter auszeüben, kann de Benotzer, andeems hie seng Identitéit an, wann néideg, déi vu sengem mannerjärege Kand noweist, de jeeweilege Service vum Ministère iwwer déi bereetgestallte Kommunikatiounskanäl oder säin Dateschutzbeoptraagten iwwer dpo@men.lu kontaktéieren.
Bei der Nationaler Dateschutzkommissioun mat Sëtz op 15, boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux, kann, wann zoutreffend, eng Reklamatioun iwwer d’Rechter vun de betraffene Persounen agereecht ginn.
Kontaktformular vum Site
Déi Informatiounen iwwer Iech, déi am Kontaktformular vum Site erhuewe ginn, gi vum betraffenen Organismus veraarbecht, fir Är Ufro ze beaarbechten.
Andeems Dir de Formular ausfëllt, akzeptéiert Dir, datt Är perséinlech Donnéeën am Kader vun Ärer Ufro veraarbecht ginn. Dës Informatioune gi fir déi Dauer gespäichert, déi néideg ass, fir den Zweck vun der Veraarbechtung duerch d’Verwaltung z’erreechen.
Well d’Späicherdauer vun den iwwermëttelten Donnéeë vun der Ufro ofhänkt, deelt den Organismus op Ufro a vu Fall zu Fall dës Dauer oder d’Krittäre mat, déi hie benotzt, fir se ze bestëmmen.
Den Empfänger vun Ären Donnéeën ass den Organismus, dee fir d’Beaarbechtung vun Ärer Ufro zoustänneg ass. Wendt Iech wgl. un den Organismus, dee vun Ärer Ufro betraff ass, fir d’Empfänger vun den Donnéeën ze kennen, déi an dësem Formular uginn sinn.
Déi gesetzlech Reegele fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeë gëllen ënner den entspriechende Bedéngungen an ënner Virbehalt vun de virgesinnen Ausnamen an Derogatiounen.
Dir kënnt Är Awilligung zu all Moment zeréckzéien.
Fir Froen iwwer d’Veraarbechtung vun dësen Donnéeën oder fir Är Rechter auszeüben, kënnt Dir, andeems Dir Är Identitéit an, wann néideg, déi vun Ärem mannerjärege Kand noweist, de betraffenen Organismus iwwer déi bereetgestallte Kommunikatiounskanäl oder säin Dateschutzbeoptraagten iwwer dpo@men.lu kontaktéieren.
Bei der Nationaler Dateschutzkommissioun mat Sëtz op 15, boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux, kann, wann zoutreffend, eng Reklamatioun iwwer d’Rechter vun de betraffene Persounen agereecht ginn.
Veraarbechtungen am Zesummenhang mat der Gestioun vum Newsletter
D’E-Mail-Adress, déi bei der Umeldung fir de Newsletter vun dësem Site aginn ass, gëtt nëmme fir d’Verdeelung vum Newsletter un en Optragsveraarbechter iwwermëttelt, besonnesch un d’Firma „Mailjet“ mat Sëtz zu Paräis, Frankräich, déi de selwechte gesetzlechen Obligatioune fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeën ënnerläit.
Fir Mëssbrauch ze limitéieren, muss de Benotzer seng Umeldung confirméieren, andeems hien op e Link klickt, deen un déi uginn E-Mail-Adress geschéckt gëtt.
De Benotzer kann sech zu all Moment iwwer e Link ofmellen, deen an all E-Mail steet, oder andeems hien den Organismus kontaktéiert, dee fir de Site verantwortlech ass. D’Späicherdauer vun den Donnéeë vum Benotzer geet net iwwer d’Dauer vu senger Umeldung eraus.
De Verantwortleche fir dës Veraarbechtungen ass den Organismus, dee fir dëse Site verantwortlech ass.
Déi gesetzlech Reegele fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeë gëllen ënner den entspriechende Bedéngungen an ënner Virbehalt vun de virgesinnen Ausnamen an Derogatiounen.
De Benotzer ka seng Froen iwwer de Schutz vu sengen Donnéeën un den Organismus, dee fir dëse Site verantwortlech ass, oder un säin Dateschutzbeoptraagten iwwer dpo@men.lu riichten.
Bei der Nationaler Dateschutzkommissioun mat Sëtz op 15, boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux, kann, wann zoutreffend, eng Reklamatioun iwwer d’Rechter vun de betraffene Persounen agereecht ginn.
Veraarbechtungen am Zesummenhang mat der Reechwäitmiessung
Bestëmmt Donnéeën iwwer d’Hardware an d’Software vum Benotzer, déi net gëeegent sinn, hien z’identifizéieren, gi bei senger Visitt um ëffentleche Site erhuewen. Dës Erhiewung huet als eenzegen Zweck, Besuchsstatistiken ze kréien (Browsertyp, Opléisung, ongeféiere Standuert asw.), fir de Benotzer esou gutt wéi méiglech ze déngen.
Déi vollstänneg IP-Adress vum Benotzer gëtt op kee Fall gespäichert. Nëmmen en Deel vun der IP-Adress gëtt gespäichert, fir global Statistiken ze kréien, an et ass op kee Fall méiglech, e Benotzer z’identifizéieren.
Dës Donnéeë ginn an Europa an enger Léisung gespäichert a gehost, déi vun engem Optragsveraarbechter bereetgestallt gëtt, besonnesch vun der Firma Adobe Systems Inc., déi als Optragsveraarbechter de selwechte gesetzlechen Obligatioune fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeën ënnerläit, am Fall wou esou Donnéeën an Zukunft erhuewe géifen.
D’Späicherdauer vun den Donnéeë geet net iwwer déi Zäit eraus, déi néideg ass, fir d’Entwécklung vun de Besuchszuelen am Zesummenhang mat der Entwécklung vun de Browseren, de benotzten Opléisungen oder anere verfügbare statisteschen Donnéeën ze observéieren.
De Verantwortleche fir dës Veraarbechtungen ass den Organismus, dee fir dëse Site verantwortlech ass.
Déi gesetzlech Reegele fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeë gëllen ënner den entspriechende Bedéngungen an ënner Virbehalt vun de virgesinnen Ausnamen an Derogatiounen.
De Benotzer ka seng Froen iwwer den Dateschutz un den Organismus, dee fir dëse Site verantwortlech ass, oder un säin Dateschutzbeoptraagten iwwer dpo@men.lu riichten.
Bei der Nationaler Dateschutzkommissioun mat Sëtz op 15, boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux, kann, wann zoutreffend, eng Reklamatioun iwwer d’Rechter vun de betraffene Persounen agereecht ginn.
Activity Box: Informatiounsnotiz iwwer d’Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën
De Service Eltereforum vun der Generaldirektioun fir Kanner- a Familljenhëllef (am Follgenden: DGAEF) ass eng Entitéit vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, déi am Kader vun der nationaler Campagne vum Ministère „Sécher Digital“ fir d’Verdeelung vun der Activity Box zoustänneg ass.
D’Kontaktdonnéeë vun der DGAEF sinn déi follgend:
Generaldirektioun fir Kanner- a Familljenhëllef
33, rives de Clausen
L-2165 Luxembourg
Tel.: (+352) 247-63700
D’Informatiounen, déi iwwer dës Reservatioun erhuewe ginn, gi vun der DGAEF als Verantwortleche fir d’Veraarbechtung an enger informatiséierter Datei gespäichert, fir d’Verdeelung vun den Activity Boxen ze erméiglechen, déi vun de gesetzleche Vertrieder vu Kanner reservéiert goufen, an den Ofhuelpunkte vum Service Eltereforum, wéi se am Agenda op Eltereforum.lu uginn sinn.
Geméiss dem Artikel 6.1 vun der europäescher Veruerdnung (EU) 2016/679 vum Europäesche Parlament a vum Conseil vum 27. Abrëll 2016 iwwer de Schutz vun natierleche Persoune bei der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën an iwwer de fräie Verkéier vun dësen Donnéeën (am Follgenden „d’Veruerdnung“) hänkt d’Rechtméissegkeet vun der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeë vun der Awilligung vun der Persoun of, déi vun dëser Veraarbechtung betraff ass.
Dir hutt d’Recht, Är Awilligung zu all Moment zeréckzezéien, ouni datt dat d’Rechtméissegkeet vun der Veraarbechtung beaflosst, déi op der Awilligung baséiert huet a virum Zeréckzéien duerchgefouert gouf.
Fir Äert Recht auszeüben, Är Awilligung zeréckzezéien, schéckt wgl. eng E-Mail un eltereforum@men.lu a gitt un, fir wéi eng Veraarbechtung Dir Är Awilligung zeréckzéie wëllt.
D’Veraarbechtung vun den Donnéeë betrëfft all Kand respektiv seng Elteren oder d’Persounen, déi d’elterlech Autoritéit hunn, déi eng Reservatioun fir en Ofhuelzäitpunkt vun der Activity Box beim Service Eltereforum vun der DGAEF ausfëllen an areechen.
Erhuewe perséinlech Donnéeën
de Familljennumm, de Virnumm an de Gebuertsdatum vum Kand;
de Familljennumm an de Virnumm vum Elterendeel an/oder gesetzleche Vertrieder;
d’E-Mail-Adress vun engem Elterendeel oder engem gesetzleche Vertrieder vum Kand.
No Ärer Ufro fir d’Activity Box ofzehuele ginn Är perséinlech Donnéeën an engem sécheren IT-Beräich gespäichert, op deen nëmmen d’Personal vum Service Eltereforum vun der DGAEF Zougang huet, an op kee Fall un en Drëtten iwwermëttelt.
D’Veraarbechtunge vun Äre perséinlechen Donnéeë ginn op d’Bereetstelle fir Iech an d’physescht Ofhuele vun enger Activity Box limitéiert, mat héchstens engem Exemplar pro Famill mat engem Kand ënner 3 Joer.
Déi erhuewen Donnéeë gi fir déi Dauer gespäichert, déi néideg ass, fir déi uewen uginn Zwecker z’erreechen, dat heescht besonnesch d’Reservatioun vun engem Ofhuelzäitpunkt fir d’Activity Box. Si ginn automatesch bannent enger Frist vun 3 Méint nom Verschécke vun der E-Mail geläscht, déi d’Umeldung fir dëst Evenement confirméiert.
D’Veruerdnung gesäit an den Artikelen 15 bis 21 fir d’Titulaire vu perséinlechen Donnéeën d’Recht op Informatioun, d’Recht op Zougang zu den Donnéeën, d’Recht op Rectificatioun a Läschung vun den Donnéeën, d’Recht op Aschränkung vun der Veraarbechtung vun den Donnéeën an d’Recht op Portabilitéit vun dësen Donnéeë vir.
All Ufro iwwer de Schutz vu perséinlechen Donnéeën oder d’Ausübung vun engem vun de Rechter, déi an den Artikelen 15 bis 21 vun der Veruerdnung virgesi sinn, ass un den Dateschutzbeoptraagten ze riichten:
per E-Mail: dpo@men.lu
per ageschriwwene Bréif:
Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
Den Dateschutzbeoptraagten
33, rives de Clausen
L-2165 Luxembourg
All Reklamatioun ka bei der Kontrollautoritéit agereecht ginn:
National Dateschutzkommissioun (CNPD)
15, boulevard du Jazz
L-4370 Belvaux