Den Eltereforum am Casino Luxembourg vertrueden
PippiLotta feiert
Als Partner vum Projet iwwer e puer Méint huet den Eltereforum dozou bäigedroen, op d’Wichtegkeet vun der fréier Kandheet opmierksam ze maachen, a seet der UP Foundation e grousse Merci fir dës wäertvoll a beräicherend Zesummenaarbecht.
Den 23. Oktober 2026 huet am Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain d'Ofschlossenevenement vum Projet PippiLotta stattfonnt, enger Initiativ vun der UP Foundation, déi sech fir d’Wuelbefannen an d’Entwécklung vu Kanner vun 0 bis 6 Joer asetzt. Wärend dräi Joer huet de Projet Familljen, Fachleit an Institutioune ronderëm d’Wichtegkeet vun der fréier Kandheet zesummebruecht.
Am Kader vum Projet PippiLotta hat den Eltereforum d’Freed, mat der UP Foundation zesummenzeschaffen an iwwer méi wéi véier Méint all Dënschdeg de Moie Spillgruppen fir Familljen am PippiLotta Pop-Up unzebidden. Dës Initiativ huet dozou bäigedroen, Elteren op d’Wichtegkeet vun der fréier Kandheet opmierksam ze maachen an hinnen zesumme mat hire Kanner wäertvoll Momenter vu Begéinung, Entdeckung an Austausch ze bidden.
Duerch dës Zesummenaarbecht konnten iwwer 200 Elteren an hir Kanner erreecht ginn. D'Famillje ware besonnesch begeeschtert vun der agreabeler Atmosphär vum Projet, vum Duerf, dat vu Kanner fir Kanner entworf a gebaut gouf, souwéi vun dëser entspaanter Plaz am Kär vun der Stad.
Beim Ofschlossevenement war den Eltereforum mat engem Informatiounsstand vertrueden, fir seng Aktivitéiten, Servicer a Ressourcë fir Elteren virzestellen. Dës Presenz huet vill flott Gespréicher mat Visiteuren an Acteuren aus dem Beräich vun der fréier Kandheet erméiglecht.
Mir soen der UP Foundation an allen Acteuren, déi zum Erfolleg vum Projet PippiLotta bäigedroen hunn, e grousse Merci.



