Éveil linguistique vun Ufank un
5. National Konferenz fir Dageselteren: Mat Sproochen opwuessen
Den Eltereforum war de 17. Oktober 2026 op der 5. Nationaler Konferenz fir Dageselteren am Forum Geesseknäppchen präsent. Nieft de Fachvirträg an den Austauschmomenter konnten d'Participanten sech um Infostand iwwer d'Missiounen an d'Offer vum Eltereforum informéieren.
De 17. Oktober 2026 huet den Eltereforum un der 5. Nationaler Konferenz fir Dageselteren « Mat Sproochen opwuessen » am Forum Geesseknäppchen deelgeholl.
D'Konferenz huet Fachvirträg, Praxisbeispiller an Austauschméiglechkeete fir Professioneller ugebueden. Am Mëttelpunkt stoung d'Wichtegkeet vun der Sproochentwécklung an de fréie Liewensjoren an d'Begleedung vu Kanner an engem méisproochegen Ëmfeld.
Den Eltereforum war dobäi mat engem Infostand präsent. Déi interesséiert Professioneller konnten sech iwwer d'Missiounen, d'Offer an d'Aarbecht vum Eltereforum informéieren an direkt mat eisem Team an den Austausch kommen.



