Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Zum Haaptinhalt sprangen

27. September 2025

Dag vun der oppener Dier am Eltereforum Maarnech

E Samschdeg, de 27. September 2025, huet den Eltereforum Maarnech am Kader vu sengem Dag vun der oppener Dier interesséiert Elteren tëscht 9.00 an 13.00 Auer am Aganksberäich vum Cactus-Gebai häerzlech wëllkomm geheescht an hinnen seng Offer virgestallt.

Duerno waren d’Participanten invitéiert, d’Raimlechkeete vum Eltereforum ze entdecken a sech mat der Claudine Scholtes, der Regionalkoordinatrice vu Maarnech, auszetauschen, déi hir Froe beäntwert huet.

Fir weider Informatiounen iwwer den Eltereforum Maarnech kënnt Dir eng E-Mail un eltereforum.marnach@men.lu schécken oder um +352 621 250 297 uruffen.