„Screen-Life-Balance“: Écransnotzung an der Famill
D’Notzung vun Ecranen an digitalen Apparater ass fir Familljen all Dag en Thema. Digital Geräter sinn eng Fënster zur Welt an erliichteren den Alldag. Wa se awer onkontrolléiert an oniwwerluecht benotzt ginn, kënne se och Geforen mat sech bréngen an d’Entwécklung vun Ärem Kand beaflossen.

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnerstëtzt Iech dobäi, fir Äert Kand dat richtegt Gläichgewiicht tëscht der digitaler an der realer Welt ze fannen.
Eis Kanner léiere vill, andeems si d’Verhale vun de Mënschen an hirem Ëmfeld beobachten an nomaachen.
Loosst eis probéieren:
d’Notzung vun Ecranen a Presenz vun der Famill, zum Beispill wärend dem Iessen, ze reduzéieren;
eis Gewunnechte beim Benotze vun digitalen Apparater ze verbesseren;
Kannerschutzsystemer ze benotzen;
un den Informatiounsatelieren deelzehuelen, déi den Eltereforum iwwer dëse Link ubitt.
D’Campagne „Sécher.digital“ vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend bitt altersgerecht Recommandatioune fir d’Écranszäit an all Altersgrupp vun Ärem Kand:
0 bis 3 Joer: all Écranszäit vermeiden
3 bis 6 Joer: gëeegent Inhalter auswielen
6 bis 9 Joer: d’Notzung vun digitalen Apparater begleeden
9 bis 12 Joer: Smartphones vermeiden
12 bis 15 Joer: ze fréi fir sozial Netzwierker!
Vun 15 Joer un: opmierksam bleiwen
Weider Recommandatioune fir d’Notzung vun Ecranen an der Famill fannt Dir am Elterebréif „Screen-Life-Balance“, deen iwwer dëse Link verfügbar ass.
Méi Informatioune fannt Dir op www.sécher.digital.