Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Zum Haaptinhalt sprangen

11. Juni 2026 | 5:00 p.m. | Eltereforum Déifferdeng

Offiziell Aweiung vum Eltereforum Déifferdeng

De Ministère fir d'Fonction publique an de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend deelen e Lokal am Gravity-Gebai zu Diddeleng, wou si zwou verschidden Aktivitéiten ausüben an dobäi gewësse Surfacë gemeinsam notzen, fir d'Notzung vun de Raim ze optiméieren.

Den Eltereforum-Service vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend huet als Zil, d'Elteren an hirer Eltereschaft ze ënnerstëtzen, an dat wärend allen Etappen, déi hir Kanner duerchlafen, andeems si qualitativ héichwäerteg Informatiounen zur Verfügung gestallt kréien an den Eltere Plaze fir den Austausch mat aneren Elteren a mat Fachleit ugebuede gëtt.

D'offiziell Inauguratioun vun dësem gemeinsamen Espace huet den 11. Juni 2026 um 17 Auer stattfonnt, a Präsenz vum Minister fir d'Fonction publique, Serge Wilmes, vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an dem Buergermeeschter vun der Stad Diddeleng, Guy Altmeisch.