Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Zum Haaptinhalt sprangen

Dr Serge Tisseron: Fir eng ugepassten Notzung vun Ecranen

Am Kader vun der Campagne „Screen-Life-Balance“ vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend gouf de Serge Tisseron, Dokter an der Psychologie a Psychiater, invitéiert, fir op den Afloss vun der Écransnotzung op d’Entwécklung vu Kanner a Jugendlechen anzegoen.

Besonnesch déi follgend Aspekter goufe kritesch beliicht:

  • Firwat ass et wichteg, den Alter vum Kand, d’Aart vun de Medien an déi genotzten Inhalter ze berücksichtegen?

  • Wéi kënnen Elteren, Educateuren an Enseignanten d’Écranszäit duerch interaktiv Aktivitéiten ausgläichen, fir d’Entwécklung vun de Kanner ze fërderen?

  • Wéi wierke sech digital Medien positiv an negativ op Jugendlecher aus?

  • Wéi eng Roll spille Videospiller bei der kognitiver a sozialer Entwécklung vu Kanner a Jugendlechen?

  • Wéi kann dat kritescht Denke vu jonke Mënsche gefërdert ginn, fir datt si sech sécher um Internet beweege kënnen?

  • Wéi eng Risike bréngt eng iwwerméisseg Smartphone-Notzung vun den Eltere mat sech a wéi beaflosst si d’Bezéiung zu hire Kanner?

  • Wéi kënnen ëffentlech Raim en ausgeglachene Liewensstil vu Kanner a Jugendlechen ënnerstëtzen?

Dir hutt d’Konferenz vum 7. November verpasst? Déi komplett Opname fannt Dir iwwer dëse Link an der Online-Mediathéik.

Weider Informatiounen iwwer d’Campagne „Screen-Life-Balance“ fannt Dir op https://secher.digital/fr/