Den Eltereforum um Orientéierungsdag — September 2025
Den 20. September huet de Service Eltereforum nees um Orientéierungsdag deelgeholl, dee vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil organiséiert gouf.

Bei dëser Geleeënheet hunn d’Mataarbechter vum Eltereforum iwwer 200 Eenzelgespréicher mat Eltere gefouert, déi nei zu Lëtzebuerg liewen, fir hinnen d’Aufgaben an d’Offer vum Eltereforum virzestellen.
Fir hinnen d’Integratioun ze vereinfachen an d’Knäppe vun neie Kontakter ze fërderen, gouf hinnen eng Auswiel un Aktivitéiten aus dem Agenda vum Eltereforum virgeschloen. Eis Austausch- an Informatiounsaktivitéite sinn ideal, fir d’Eltere bei hiren éischte Schrëtt zu Lëtzebuerg ze begleeden.

Méi Informatiounen iwwer den Orientéierungsdag fannt Dir iwwer dëse Link:
https://biergerpakt.zesummeliewen.lu/modules-dintroduction/journee-dorientation/
