Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Zum Haaptinhalt sprangen

Aweiung vum Eltereforum Wolz den 21. November 2025

E Freideg, den 21. November 2025, huet den Eltereforum Wolz seng offiziell Aweiung a Presenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, gefeiert.

Et ass den néngten Eltereforum am Land a bild zesumme mat de Standuerter zu Maarnech an Ettelbréck e wichtege Pilier an der Nordregioun. D’Eltereforume bidden allen Elteren eng Plaz fir Austausch, Informatioun an Ënnerstëtzung. Si begleeden a stäerken d’Elteren an all Phas vun hirem Elter sinn.

Zënter senger Ouverture am November 2024 huet den Eltereforum Wolz scho méi wéi 140 Aktivitéite fir Elteren organiséiert, vun der Schwangerschaft bis zum 18. Liewensjoer vun hire Kanner.