Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Zum Haaptinhalt sprangen

Plaze vum Austausch am Häerz vun der Parentalitéit

Den Eltereforum am EDI

An der aktueller Ausgab vum EDI  gëtt Iech den Eltereforum virgestallt. Den Artikel beliicht d’Roll vun den Eltereforen als oppen an aluedend Plazen, wou Elteren Informatioun, Ënnerstëtzung an Austausch fannen - vun der Schwangerschaft bis zur Volljäregkeet vun hire Kanner.

Mat zéng Standuerter am ganze Land bitt den Eltereforum eng breet a gratis Offer, déi sech aus Elteren-Kand-Aktivitéite, Konferenzen, Atelieren,  a perséinleche Gespréicher zesummesetzt. D’Zil ass et, Elteren an hirer Eltereroll ze stäerken, hinnen Orientéierung ze ginn an d’Méiglechkeet unzebidden, sech mat aneren Elteren a Fachleit auszetauschen.

Besonnesch ervirgehuewe ginn déi individuell Berodungsgespréicher, déi an engem vertrauensvollen a geschützte Kader stattfannen an op d’Besoine vun all Famill ofgestëmmt sinn. Och Aktivitéiten ewéi Meet & Play erlaben Elteren, sech ze vernetzen an Erfarungen auszetauschen, wärend hir Kanner an engem sécheren Ëmfeld spillen a nei Entdeckunge maachen.

Den Artikel ënnersträicht de präventiven Usaz vum Eltereforum: staark Eltere kënnen hir Kanner besser begleeden a stäerken. Duerch Nolauschteren, Berodung an de Kontakt mat anere Famillje schafe mir zesummen e positiivt Ëmfeld fir d’Wuelbefanne vun de Kanner an hiren Elteren.

📖 De kompletten Artikel ass an der aktueller EDI-Ausgab ze liesen. Mir soen dem EDI Merci fir dës Präsentatioun vum Eltereforum, a freeën eis, weider vill Familljen op hirem Wee begleeden ze kënnen.

Deelen: