Activity Box: Eng Box voller Iddie fir Aktivitéite mat der Famill
Kleng Kanner entdecken d’Welt virun allem duerch sensoresch Erfarungen an Interaktiounen – sief et mat Erwuessenen oder mat anere Kanner.

Fir esou Aktivitéiten an der Famill unzereegen an ze fërderen, stellt de Service Eltereforum sougenannt „Activity Boxes“ zur Verfügung. Dës kleng Wallisse enthalen e Buch am Maxi-Format, e Spillduch, e sensorescht Spillgezei, e Beweegungswierfel, e Mol- a Kritzelbuch mat Faarfstëfter souwéi en Iddieheft mat Virschléi fir flott Aktivitéite mat der Famill.
An der Wallis ass och nach Plaz fir weider Liiblingsspiller an dem Kand säi Kuscheldéier. Si kann iwwerall matgeholl ginn – bei d’Grousselteren, bei Frënn, an de Restaurant oder an d’Vakanz.
Als praktesch Geschierkëschte fir spillerescht Léieren ewech vun den Ecrane kënnen d’Activity Boxes vun den Elteren iwwer d’Websäit vum Eltereforum reservéiert an an der regionaler Antenn vun hirer Wiel ofgeholl ginn.
Vum 28. Juli u kann d’Activity Box iwwer eltereforum.lu reservéiert ginn.