Den Eltereforum zu Hesper ënnert engem Daach mam ONE an der Regionaldirektioun fir d’Grondschoul zu Beetebuerg
Zënter Oktober 2023 empfänkt d’Madeleine Peran, Coordinatrice vum Eltereforum zu Hesper, Elteren an eise Raimlechkeeten am H_2O-Gebai, engem ideal geleeëne Bürosgebai zu Hesper.

Hei kënnen d’Elteren un eisen Aktivitéiten deelhuelen, wéi dem „Elterecafé“ oder de Babytreff-Gruppen, grad ewéi u Coursen a Berodungen. E besonnesche Virdeel vun dësem Standuert ass d’Proximitéit zum Office national de l’enfance an zur Regionaldirektioun fir d’Grondschoul, grad ewéi d’Méiglechkeete fir den Austausch tëscht de verschiddene Servicer, déi sech doraus erginn.
Den 1. Mäerz goufen d’Raimlechkeete vun der Regionaldirektioun Beetebuerg, vum Office national de l’enfance a vum Eltereforum zu Hesper an engem festleche Kader offiziell ageweit.
Dobäi waren de Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, de Jean-Paul Welter, Regionaldirekter fir d’Grondschoul, d’Michèle Bressanutti, Directrice vum ONE, de Marc Lies, Buergermeeschter vun der Gemeng Hesper, d’Presidente vun de Schoulcomitéë vun der Regioun, Membere vun de Regionaldirektioune fir d’Grondschoul, souwéi d’Mataarbechter vum ONE, vum Eltereforum a vun de Kompetenzzentere fir spezialiséiert Psychopädagogik.
