Elo online: Déi ganz Konferenz zum Thema „Elterensinn haut: wäertschätzen, stäerken, schützen“
De 4. Mäerz 2026 hat den Eltereforum op eng Konferenz invitéiert, bei där d’Referentinne Kathrin Hohmann an Inke Hummel iwwer d’Entwécklunge vum Elterensinn an iwwer d’Erausfuerderunge geschwat hunn, mat deenen d’Elteren haut konfrontéiert sinn.
Si hunn och konkret Impulser fir den Alldag mat Kanner ginn an den Eltere vill praktesch Rotschléi vermëttelt. Dobäi hu si gewisen, wéi Eltere besser mat Gefiller vun Hëlleflosegkeet an Iwwerfuerderung ëmgoe kënnen a wéi Grenze sécher, empathesch a gewaltfräi gesat kënne ginn.
Déi komplett Opnam vun der Konferenz vum 4. Mäerz 2026 ass elo iwwer dëse Link verfügbar: https://www.youtube.com/watch?v=pkBdLj-Ssgc
De Link zum Konferenzvideo fannt Dir och an eise Ressourcen.