No vill Fläissarbecht vun de Mataarbechter vun der Bartrenger Gemeng, wéi och vun de Coordinateure vum Eltereforum, konnt e Méinden de 25.09 am feierleche Kader de 4. Eltereforum offiziell opgemaach ginn, dëst a Presenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Monique Schmit-Thijs, Buergermeeschtesch vu Bartreng, dem Nico Pundel, Buergermeeschter vu Stroossen, dem Manon Bei-Roller, Buergermeeschtesch vun Dippech, dem Frank Colabianchi, Deputéierten a Schäffen zu Bartreng, esou wéi weideren Éieregäscht a Partneren aus dem sozio-edukative Secteur.
![](https://eltereforum.lu/wp-content/uploads/2023/09/DSC_1099_edited-1024x683.jpg)
Den Eltereforum zu Bartreng (10, rue de Luxembourg) empfänkt vum 28.09. un, am Kader vu senger éischter Aktivitéit, Elteren aus Bartreng a selbstverständlech och den Nopeschgemengen. D’Offer vum Eltereforum zu Bartreng fannt Dir ab elo och an eisem Agenda: Klickt hei.
![](https://eltereforum.lu/wp-content/uploads/2023/09/Bertrange-2-1024x683.jpg)
![](https://eltereforum.lu/wp-content/uploads/2023/09/DSC_1164-1024x683.jpg)
![](https://eltereforum.lu/wp-content/uploads/2023/09/DSC_1186-1024x683.jpg)
![](https://eltereforum.lu/wp-content/uploads/2023/09/DSC_1130-1024x683.jpg)
![](https://eltereforum.lu/wp-content/uploads/2023/09/DSC_1067-1024x683.jpg)
![](https://eltereforum.lu/wp-content/uploads/2023/09/DSC_1050-1024x683.jpg)