Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg

Sécher digital | SCREEN-LIFE-BALANCE

Den Ëmgang mat Ecranen an digitalen Apparater ass Dag fir Dag een Theema bei Famillen. Digital Geräter bidden e Bléck op d’Welt a vereinfachen den Alldag. Mee se kënnen och Gefore mat sech bréngen an der Entwécklung vum Kand schueden, wa se onkontrolléiert an oniwwerluecht agesat ginn. De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnerstëtzt Iech an der Sich nom richtegen Equiliber tëschent der digitaler an der reeller Welt fir Äert Kand.

An dësem Elterebréif fannt Dir Recommandatiounen den Altersgruppen no fir e sécheren a verantwortungsbewossten Ëmgang mat der digitaler Welt. Dës Rotschléi sinn als Orientéierung geduecht an inspiréiere sech um Dr. Serge Tisseron sengen Aarbechten, engem franséische Psychiater a Psycholog, deen d’Buch 3-6-9-12+ Apprivoiser les écrans et grandir erausbruecht huet. Dir kënnt se natierlech un d’Sensibilitéit an déi individuell Besoine vun Ärem Kand upassen.

7 réflexions sur l'estime de soi

7 Iwwerleeungen zum Selbstwäert

De Selbstwäert ass dat Bild, dat ee vu sech selwer huet. Et kann een e positiivt oder negatiivt Selbstwäertgefill hunn. E positiivt Selbstwäertgefill ass wichteg fir eist Wuelbefannen an eis sozial Kompetenzen.

 

ROUTINES

7 Iwwerleeungen zu eise Routinen an der Famill

Routinnen, Gewunnechten a Ritualer am Familljenalldag sinn esouwuel fir Kanner ewéi och fir Eltere wäertvoll Momenter, well si bréngen eng Abberzuel Virdeeler mat sech.

7 réflexions: Le temps libre est précieux

An enger Welt, déi sech rasant entwéckelt, duerfe mir et woen e Gang erof ze schalten an eise Kanner dat ginn, wat si am meeschte brauchen: eis Zäit.

Heiansdo besteet de wierkleche Luxus doranner, sech ze erlaben, op déi sëlleg Aktivitéiten an Distraktiounen, déi ugebuede ginn, ze verzichten.

Kommt mir probéieren, vun eiser Fräizäit ze profitéieren, fir d’Eltere-Kand-Bezéiung ze stäerken. Et ass net onbedéngt d’Dauer, déi zielt, mee d’Qualitéit vun der Zäit déi mir matenee verbréngen.

langage en famile

7 Iwwerleeungen iwwer d’Sprooch an der Famill

D’Kanner erfuerschen d’Sprooche vu Klengem un an experimentéieren domat. Hei e puer Pisten déi d’Entwécklung vun der Sprooch an d’Loscht un der Kommunikatioun fërderen.

7 Iwwerleeungen zu der Mediekompetenz an der Famill

E Kader schafen, mee wéi?

Loosst eis méi genee op déi virtuell Aktivitéite vun eise Kanner kucken an eis bewosst sinn, datt d‘Elteren eng Virbildfunktioun hunn.