MiSSiOUN

AUSTAUSCH

D'Elterefore fërderen den Austausch an d'Zesummentreffe vun den Elteren ënnerteneen a mat Fachleit. Si erliichteren eng vernetzt Aarbecht mat engem breede Spektrum u kompetente Partner, woubäi vill Wäert op eng modern a wëssenschaftlech fundéiert Approche vum Elteresinn geluecht gëtt.

INFORMATIOUN

D'Eltereforen erliichteren den Zougang zu qualitativ héichwäertegen Informatiounen iwwer d'Elteresinn. Si sinn eng privilegiéiert Plaz, fir sech ze informéieren, an droen aktiv dozou bäi, déi ganz Gesellschaft fir d'Thema Elteresinn ze sensibiliséieren. Hir Missioun besteet och doranner, d'Elteren an d'Eltereroll ze valoriséieren.

BEGLEEDUNG

D'Elterefore begleeden, orientéieren a stäerken d'Elteren an hirer Aufgab als Elteren. Si ënnerstëtze se jee no Besoin a stinn hinnen an allen Etappen am Liewe vun hirem Kand zur Säit. D'Elterefore begleeden d'Elteren ënner Berücksichtegung vun hirer Liewenssituatioun, vun hire Kompetenzen a Fäegkeeten.

D'Elterefore si Plazen, op deenen all d'Eltere sech austauschen, informéieren a begleede loosse kënnen.

Et si Raim, an deenen d'Eltere sech an engem frëndleche Kader begéine kënnen, a wou si an allen Dimensioune vun hirem Elteresinn ënnerstëtzt a gestäerkt ginn.

De Service Eltereforum schafft preventiv no enger Approche, déi sech un de Stäerkten a Besoine vun den Elteren orientéiert.

D'Eltereforen erliichteren e vernetzt Zesummeschaffen a stäipe sech dobäi op e breede Spektrum u kompetente Partner am Zesummenhang mam Elteresinn.

ELTEREN

D'Elterefore riichte sech un all d'Elteren, vun der Schwangerschaft un an duerch all d'Liewensetappe vun hire Kanner:

bébés

Schwangerschaft – 3 Joer

enfants

4 - 12 Joer

13 - 18 Joer

OFFER

D'Elterefore bidden zesumme mat hire Partner eng qualitativ héichwäerteg Offer a Form vun:

Elterentreffen
Coursen zum Thema Elteresinn
Aktivitéite fir Elteren mat Kanner
Thematesch Soiréeën a Konferenzen
Campagnen an Informatiounen
  Aller au contenu principal