Zanter der Pandemie ass d’Zuel vu Bëbeeën, déi um « Shaken Baby Syndrom » stierwen, bei eise franséischen Nopere staark geklommen. Dat geet aus enger rezenter Etüd ervir. Ee sougenannte « Schütteltrauma-Syndrom » ka bei Bëbeeën zu Bluddungen am Kapp féieren an am schlëmmste Fall zum Doud. Och hei zu Lëtzebuerg hätt een d’Gefill, datt d’Gewalt vis-à-vis vu Bëbeeën a Kanner an d’Luucht gaangen ass. Där Meenung ass d’Alupse, eng Organisatioun, déi sech géint Mësshandlunge vu Kanner asetzt. D’Organisatioun plädéiert fir eng méi staark Sensibilisatioun.