Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg

luxembourg.lu   guichet.lu   gouvernement.lu   Aner Säiten

Schwangerschaft – 3 Joer
4 - 12 Joer
activite-parents-enfants
Prestataire
Regional Maacher Museksschoul
Intervenant de l’activité
Maïté Margue
Coût de l’activité
60 Euro
DEELEN

Danz a Beweegungssraum fir Kleng a Grouss – “Grupp Bonobo” (LU/FR/DE/EN,…)

Am Danz a Beweegungsraum kënnen d’Kanner an hier Elteren sech Zäit huelen, fir sech duerch d’Beweegung ze begéinen.

Mir danzen, sprangen, dréinen a beweegen eis, am Grupp, zu zwee oder eleng. Mol gi mir vun der Musek begleet, mol loosse mir d’Rou op eis wierken. Mir léieren einfach Beweegungsofleef déi mir kënne mat Heem huelen an an eisen Alldag kënnen abauen. Duerch den Danz kenne mir eis mol anescht begéinen, an d‘Rolle vu Grouss a Kleng tauschen. Wien guidéiert a wien gëtt guidéiert? Wien gëtt d’Gewiicht of a wien dréit? Duerch wibbeleg Geschichten, geckeg Faarwen a verschidde Géigestänn erliewe mir d‘Beweegung an ënnerstëtzen d’Entwécklung vun eiser Kreativitéit wéi och vun der Motorik an der Koordinatioun. Och déi Grouss kréien d’Gleenëheet u Mobilitéit, Flexibilitéit a Stabilitéit ze schaffen.

Zum Schluss vun all Cours huele mir eis Zäit fir zesummen ze ootmen an eise Kierper duerch de Kontakt vum Partner ze entspanen.

Fier wien ? : Kanner tëscht 6 Méint an 4 Joer mat hiren Elteren oder enger Bezuchspersoun
Gruppen: Raupen ab 6 Méint, Bonobo ab 12 Méint, Känguru ab 2 Joer

Unzuel vu Participants : 8 Koppelen
Dauer : 45 Minuten
Wéini ? 6x Dënschdes: 26.09.2023 (Start), 10.10.23, 24.10.23, 7.11.23, 21.11.23, 5.12.23
08h30-09h15 – Raupen (ab 6 Méint, fir Kanner déi nach net laafen)
09h15-10h00 – Bonobo (ab 12 Méint, fir Kanner déi scho laafen)
10h00-10h45 – Känguru (ab 2 Joer)

Organisatiounspartner : asbl “Frënn vun der Maacher Musekschoul”

Informatiounen : Tel: (+352) 75 03 11 4200
E-Mail: vasb@znnpure-zhfrxfpubhy.yh
 

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.