Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg

luxembourg.lu   guichet.lu   gouvernement.lu   Aner Säiten

Schwangerschaft – 3 Joer
4 - 12 Joer
13 - 18 Joer
rencontre-parents
Prestataire
Eltereforum Ettelbruck | Eltereschoul
Intervenant de l’activité
Nora Van Daele
Coût de l’activité
Gratuit

DEELEN

Elterecafé thematesch – Geschwëster, zesummen duerch déck an dënn (LU/FR)

LU

Geschwëster – Zesummen duerch déck an dënn

Den Tom ass dee blöödste Brudder vun der ganzer Welt! Neen, d’Lisa ass déi blöödste Schwëster! Wie kennt se net d‘Streidereien ënnert de Geschwëster… Si konkurréieren, si jalous openeen an wëllen oft net deelen… Mee genausou si si och Verbündeter, bescht Frënn an versti sech ouni Wierder.

Dat éischt Kand, dat zweet, dat klengst: wéi ënnerschiddlech sinn déi verschidde Positiounë vun de Geschwëster ? A wéi vill beaflosse si d’Entwécklung vun eise Kanner ? Wat mécht d’Bezéiung tëschent de Geschwëster sou besonnesch ? A wéi kënne mir als Elteren d‘Bindung vun den Kanner zoueneen an als Famill stäerken? A wéi kënne mir geloossen a Konfliktsituatiounen tëschent Geschwëster reagéieren ?

FR

Frères et soeurs- ensemble contre toute épreuve

Tom est le frère le plus stupide au monde! Non, Lisa est la sœur la plus stupide au monde! Qui ne les connaît pas, les querelles entre frères et sœurs. Ils rivalisent, sont jaloux et ne veulent souvent pas partager. Mais en même temps, ils sont aussi des alliés, les meilleurs amis et se comprennent sans un mot.

Le premier enfant, le deuxième, le petit dernier : quelles sont les différences entre les positions des enfants dans la fratrie? Dans quelle mesure influencent-elles le développement de l’enfant ? Qu’est-ce qui rend la relation entre frères et sœurs si unique et si spéciale? Comment pouvons-nous, en tant que parents, renforcer le lien entre frères et sœurs et en tant que famille ? Et comment pouvons-nous réagir calmement dans des situations conflictuelles entre frères et sœurs ?

 

Contact & Information :

Jil Berg, Coordinatrice régionale

Wvy.oret@zra.yh

Tél. : 621 108 299

rygrersbehz.rggryoehpx@zra.yh

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.