Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg

luxembourg.lu   guichet.lu   gouvernement.lu   Aner Säiten

Schwangerschaft – 3 Joer
4 - 12 Joer
rencontre-parents
Prestataire
Eltereforum Bertrange | Eltereschoul
Intervenant de l’activité
Simone Schammo
Fonction de l’intervenant
Educatrice diplômée, Coach parental systémique
Coût de l’activité
Gratuit

DEELEN

Café pour parents thématique – Le repas en famille sans stress! (FR/LU)

FR

Le repas en famille sans stress!
Pour les parents, le “stress à table” a lieu le plus souvent, lorsque les enfants sont présents. Pourquoi mon enfant préfère-t-il le chocolat aux légumes? Mon enfant est très sélectif au niveau de la nourriture. Comment les enfants deviennent-ils de “bons mangeurs”? Quelle place faut-il accorder aux bonnes manières à table? Existe-t’il des petites astuces pourque ces moments de repas se passent dans une atmosphère agréable pour chacun?

LU

Ouni Stress um Iessdësch!
Wann Eltere vu “Stress um Iessdësch” schwätzen, ass dat meeschtens wann d’Kanner mat um Dësch sëtzen. Firwat ësst mäi Kand léiwer Schockela wéi Geméis? Wéi reagéieren, wann e Kand ganz wieleresch beim Iessen ass? Wéi gëtt e Kand iwwerhaapt zum “gudden Éisser”? Wéi wichteg si Manéieren um Dësch? Wat kann ee probéieren, dass dës gemeinsam Momenter beim Iessen ërem an enger flotter Atmosphär stattfannen?

En collaboaration avec l’Eltereschoul (rygrerfpubhy@xnaarefpuynff.yh)

Infos et inscriptions :

Pascal Dickes, Coordinateur régional, Eltereforum Bertrange

cnfpny.qvpxrf@zra.yh

Tél. : 621 108 277

rygrersbehz.oregenatr@zra.yh

 

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.