Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg

luxembourg.lu   guichet.lu   gouvernement.lu   Aner Säiten

Schwangerschaft – 3 Joer
rencontre-parents
Prestataire
Eltereforum Niederanven
Coût de l’activité
Gratuit
Parking derrière le Centre de Formation.
Arrêts de bus les plus proches : Senningen, Um Kiem et Senningen, Kierch.

DEELEN

Krabbelgrupp (LU/FR/DE/EN)

LU

Kommt a verbréngt e flotte Moment zesummen mat Aere Kanner tëschent 0-3 Joër.

Am Krabbelgrupp kommen Aer Kanner a Kontakt mat Glaichaltregen a gläichzäiteg ass et eng Geleeënheet fir Iech, aneren Elteren ze begéinen an och fir Froen ze stellen, déi an Aerer aktueller Situatioun optrieden.

Aer Kanner kenne fräi spillen. Dir kritt awer och d’Méiglechkeet nei Spiller z’entdecken an flott Spillsituatiounen mat ze gestalten.

Dir musst net un alle Cours’en deel huelen. Dir kennt selwer entscheeden, ob Dir bei engem Cours dobäi sidd oder bei méi.

FR

Venez passer un moment de plaisir avec vos enfants entre 0 – 3 ans.

Le groupe parents-bébé-rencontre offre aux enfants des échanges avec des enfants de leur âge et aux adultes la possibilité de nouer de nouveaux contacts ou de poser des questions qui se posent dans leur situation actuelle.

Vos enfants peuvent jouer librement mais vous avez aussi la possibilité de construire des moments de jeu et de partage avec votre enfant et y découvrir de nouvelles idées.

Vous êtes libre de participer à l’entièreté des cours ou non.

DE

Kommt und verbringt einen schönen Moment mit euren Kindern zwischen 0 – 3 Jahren.

Die Krabbelgruppe bietet sowohl den Kindern Austausch mit gleichaltrigen, als auch den Erwachsenen, die Möglichkeit neue Kontakte zu knüpfen und Fragen zu stellen, die in ihrer aktuellen Situation auftreten.

Sie erhalten Anregungen zur Spielgestaltung und die Kinder können frei spielen.

Sie müssen nicht an allen Kursen teilnehmen. Sie können selbst entscheiden bei welchem der Kurse Sie dabei sein wollen.

EN

Come and spend a nice moment with your kids from 0-3 years.

The toddler group offers both the children exchange with peers and the adults the opportunity to make new contacts and to ask questions that arise in their current situation. They receive suggestions on how to play and the children can play freely.

You do not have to participate on the whole courses. You can decide by yourself which of the courses you want to attend.

 

Weider Informatiounen ënnert :

rygrersbehz.avrqrenaira@zra.yh (Eltereforum Niederanven)

 

Contact :

Renée Fretz, coordinatrice régionale

erarr.sergm@zra.yh

Tél. : 621 108 321

rygrersbehz.avrqrenaira@zra.yh

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.