DEELEN

Kreativlabo (LU, DE, FR, EN)

Mam Aurélie d’Incau kommt dir esou flott an den Dag eran, datt dir kee Kaffi méi braucht!
An dësem Kreativlabo gëtt gespillt mat allem wat mer kennen (an däerfen) fannen am
Centre Formida. Wéi um Fléissband wäerte mir Spiller erfannen, Iddien ofkucken, Aktiounen nomaachen,
Spass a Witzer maache bis mer net méi … wëllen ophalen. A wie weess, wat nach alles
dobäi erauskënnt? Oft geet et duer, de Kreativkrunn einfach opzedréine fir datt d’Iddien nëmmen esou fléissen.
De Kreativlabo ass keng Formatioun, mee en praktesche Workshop, deen gratis ugebuede
gëtt.

 

Reservatioun
Mell Dech un um 28 38 03 00 oder per Mail sbezvqn@nephf.yh
(Struktur & Numm / Nimm vun de Participanten)

  Aller au contenu principal