Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg

luxembourg.lu   guichet.lu   gouvernement.lu   Aner Säiten

4 - 12 Joer
activite-parents-enfants
Prestataire
ErwuesseBildung
Intervenant de l’activité
Leslie Fischbach
Coût de l’activité
Gratis. Mir schloen en 5€-Don fir, mä Dir gitt, wat Dir kënnt a wëllt.
DEELEN

Ku-Ki-Li-Co : Gefühle sind meine Freunde (LU/DE)

Gefiller si meng Frënn – Ee Moie fir d’Kanner iwwert Thema: Gefiller a mat Gefiller ëmgoen

Ee Samschdegmoie fir d’Kanner iwwert Thema: Gefiller a mat Gefiller ëmgoen.
Vu Roserei aus der Këscht sprengen, vu Freed danzen, vun Näid ganz gréng ginn. Gefiller huet all Mënsch, an dat ass näischt Schlëmmes.

An dësem Atelier leiere mir d’Gefiller a puer Geschichte kennen an huelen eis da selwer ganz genau ënnert d’Lupp. Wou sinn eis Gefiller? A wéi wëllen se eis hëllefen ? Zum Schluss gëtt eng Gefills-Auer gebastelt an et geet et mat gudden Tipps iwwert den Ëmgang mat Gefiller erëm Heem.

 

Zielpopulatioun : Kanner 5 – 7 Jahre + Eltern, resp. Begleedpersoun

2 Samsdeeger am Mount

Umeldung bis den 17.01.2024

Kontakt : vasb@rjo.yh

 

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.