Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg

luxembourg.lu   guichet.lu   gouvernement.lu   Aner Säiten

4 - 12 Joer
activite-parents-enfants
Prestataire
ErwuesseBildung
Intervenant de l’activité
Leslie Fischbach
Coût de l’activité
Gratis. Mir schloen een 5€ Don vir, mee Dir gitt, wat Dir kënnt a wëllt
DEELEN

Ku-Ki-Li-Co : Téi-Zeremonie fir Kuscheldéieren (LU)

Ee Samschdegmoie fir d’Kanner mat Kuscheldéieren a klenge Leckereien. Wat géife mir ouni eis Kuscheldéiere maachen? Ouni si schléift et sech net esou gutt a mat hinne fillt een sech staark. Dëse Samschden ass de Lieblingskuscheldéier häerzlech an am Ku-Ki-Li-Co op eng Téi-Party agelueden (keng Suerg, wann’s de Téi net gären hues, et gëtt genuch aner Saachen). Mir leieren ewéi eng typesch Teiparty ofleeft (oder komplett falsch ofleeft!) an da gëtt et och nach eppes Klenges fir ze jicken.

Zielpopulatioun : Kanner 5 – 7 Joer + Elteren, resp. Begleetpersoun

2 Samsdescher am Mount wärend der Schoulzait

Kontakt : vasb@rjo.yh

 

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.