Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg

luxembourg.lu   guichet.lu   gouvernement.lu   Aner Säiten

Schwangerschaft – 3 Joer
4 - 12 Joer
rencontre-parents
Prestataire
Eltereforum Hesperange
Coût de l’activité
Gratuit
DEELEN

Lunchbreak@Eltereforum – Spillen (LU/DE/FR/EN)

LU

Watt kann een an dëser groen Joreszäit doheem an der Famill ënnerhuelen? Nëmmen mat engem Blatt Pabéier an engem Bic?

An dëser Spezialeditioun vum Lunchbreak an der Mëttesstonn kënnt Dir am Eltereforum (klassesch) Gesellschaftsspiller erëm fannen an och Spiller entdecken, déi net vill Material brauchen.

Zéckt net a bréngt är Mëttegiessen mat a verbréngt Är Mëttespaus am Eltereforum.

Verbréngt e relaxe Moment a begéint aneren Eltere bei enger Taass Kaffi oder Téi an engem gemittleche Kader. Gären och mat de Kanner.

Dëst ouni Aschreiwung a gratis.

 

FR

Que peut-on faire en cette saison grise en famille ? Seulement une feuille de papier et un stylo ?

Dans cette édition spéciale du “lunchbreak” pendant la pause déjeuner, vous pourrez retrouver des jeux de société (classiques) et aussi découvrir des jeux qui ne nécessitent pas beaucoup de matériel.

N’hésitez pas à apporter votre déjeuner et à passer un bon moment à l’Eltereforum pendant l’heure du déjeuner.

Venez passer un bon moment en rencontrant d’autres parents autour d’une tasse de café ou de thé. Les enfants sont également les bienvenus.

Ceci sans inscription et gratuit.

 

DE

Was kann man in dieser grauen Jahreszeit in der Familie unternehmen? Nur ein Blatt Papier und einen Stift zur Hand?

In dieser Spezialausgabe „Lunchbreak“ während der Mittagspause können Sie (klassische) Gesellschaftsspiele vorfinden und auch Spiele entdecken, die nicht viel Material brauchen.

Zögern Sie nicht, Ihr Mittagessen mitzubringen und sich in Ihre Mittagspause im Eltereforum zu verbringen.

Kommen Sie vorbei, verbringen Sie eine gute Zeit bei einer Tasse Kaffee oder Tee und treffen sie andere Eltern. Gerne auch mit Kindern.

Ohne Einschreibung und kostenlos.

 

EN

What can you do during this gray season with your family? Only with a sheet of paper and a pen?

In this special edition of the “lunchbreak”, you can find (classic) board games and also discover games that do not require a lot of materials.

Do not hesitate to bring your lunch and have a good time at the Eltereforum during your lunchtime.

Have a good time in our Eltereforum and meet other parents while enjoying a cup of coffee or tea. Children are welcome.

Join us for free. No registration needed.

 

 

Daten/Dates :

11/12/2023

 

Contact & information :

Madeleine Peran (Coordinatrice régionale)

znqryrvar.crena@zra.yh

Tél. : 621 421 732

rygrersbehz.urfcrenatr@zra.yh

 

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.