DEELEN

Palliativkultur fir e Liewensenn a Würd (LU/DE)

Palliativkultur fir e Liewensenn a Würd : Eng Table Ronde zu engem Tabu-Thema

Den Tabu-Themen Zyklus ass dofir do, fir schwiereg Themen, déi an der Gesellschaft awer alldeeglech sinn, unzeschwätzen. Dëst, fir Bewosstsinnsaarbecht ze leeschten, e Raum fir Austausch ze bidden a fir Berodung ze fannen.
Am Mäerz gëtt an der EwB d’Thema Mënschewürd och a Bezuch op d’Liewensenn diskutéiert. D’Palliativmedizin a -kultur sinn dobäi wichteg Elementer. Wéi kann een aus medezinescher Siicht e Liewensenn a Würd garantéieren? Wat heescht et, een „goen ze loossen“, dat Onausweechlecht net onnéideg erauszezögeren? A wéi kann de Kader fir ee wierdevolle leschte Wee gestalt ginn?
Um Gespréich huelen ë.a. den Dr. Bernard Thill, d’Nicole Weis (Omega90), den Jean-Jacques Schonckert (Mäi Wëlle Mäi Wee) deel. Moderéiert vum Nora Schleich (EwB).
Ëm eng Umeldung gëtt gebieden, dëst iwwer vasb@rjo.yh bis den Dag selwer.

Zielpopulatioun : Jugendlecher, Erwuessener, Interesséierter, Betraffener

Umeldung bis den 28.03.2024

Kontakt : vasb@rjo.yh

  Aller au contenu principal