Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg

luxembourg.lu   guichet.lu   gouvernement.lu   Aner Säiten

Schwangerschaft – 3 Joer
4 - 12 Joer
13 - 18 Joer
activite-parents-enfants
Prestataire
Eltereforum Bettembourg
Intervenant de l’activité
Eltereforum Bettembourg
Coût de l’activité
Gratuit

DEELEN

Schnitzeljagd/Chasse au trésor/Scavenger hunt (LU/DE/FR/EN/…)

LU: Den Eltereforum proposéiert den Elteren mat hiere Kanner eng flott Schnitzeljagd ze machen. Dëss Aktivitéit erlaabt de Famillen e flott Erliëwnis dobaussen an der Natur ze hun.

Oflaf  vun der Aktivitéit:

14:00-17:00: Schnitzeljagd mat klengem Picknick

Treffpunkt um 14:00 beim Eltereforum zu Beetebuerg

Bei Froen, mellt iech gären beim Madeleine Peran um:

621 421 732 / Rygrersbehz.orggrzobhet@zra.yh

DE:

Das Eltereforum organisiert eine Schnitzeljagd für Eltern mit ihren Kindern. Diese Aktivität bietet den Familien schöne Momente draussen in der Natur zu erleben.

Ablauf der Aktivität:

14:00-17:00 Schnitzeljagd mit kleinem Picknick

Treffpunkt um 14:00 beim Eltereforum in Bettemburg

Bei Fragen könnt Ihr euch gerne an Madeleine Peran wenden:

621 421 732 / Rygrersbehz.orggrzobhet@zra.yh

FR: Le Eltereforum organise une chasse au trésor pour les parents et leurs enfants. Cette activité permet aux familles de vivre de beaux moments à l’extérieur, dans la nature.

Déroulement de l’activité :

14:00-17:00 Chasse au trésor avec petit pique-nique

Rendez-vous à 14:00 au Eltereforum à Bettembourg.

Si vous avez des questions, n’hésitez pas à contacter Madeleine Peran :

621 421 732 / Rygrersbehz.orggrzobhet@zra.yh

EN: The Parents’ Forum organises a scavenger hunt for parents with their children. This activity offers the families to experience beautiful moments outside in nature.
Activity schedule:

14:00-17:00 Scavenger hunt with small picnic.

Meeting point at 14:00 at the Parents’ Forum in Bettemburg.

If you have any questions, please contact Madeleine Peran:

621 421 732 / Rygrersbehz.orggrzobhet@zra.yh

 

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.