Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg

luxembourg.lu   guichet.lu   gouvernement.lu   Aner Säiten

Schwangerschaft – 3 Joer
rencontre-parents
Prestataire
Eltereforum Ettelbruck | Stärekanner a.s.b.l.
Intervenant de l’activité
Membres de l'a.s.b.l. Stärekanner
Coût de l’activité
Gratuit

DEELEN

De Stärecafé (LU/FR/DE/EN)

LU

Wien? Wëllkomm sinn all Stärekannereltere vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun

Wisou? Fir en oppenen Austausch tëschent Stärekannerelteren, fir zesummen eng staark Gemeinschaft ze bilden, fir nei Kontakter tëschent Elteren ze entwéckelen, fir den Ëmgang mam Theema Stärekanner ze normaliséieren, fir sech auszetauschen oder nozelauschteren, fir sengem Kand seng Geschicht ze deelen a fir oppe Gefiller kënnen ze weisen

Wéi? E „Safe Space“ fir all Diskussiounen ouni  Drock, Reegelen oder Hemmungen. A Begleedung vu Stärekannermammen an der Fotografin vun der ASBL

FR

Qui? Tous les parents d’enfants mort-nés, de Luxembourg et de la Grande Région, sont les bienvenus

Pourquoi? Pour un franc échange entre paranges, pour créer une forte communauté, pour développer de nouveaux contacts entre parents, pour normaliser le traitement du sujet enfants mort-nés, pour communiquer et écouter, pour partager l’histoire de son enfant et ses propres émotions

Comment? Un « Safe Space » pour des discussions sans contraintes, ni règles ni gêne. En compagnie de mamans concernées ainsi que de la photographe de l’ASBL

EN

Who? All parents of stillborn babies, from Luxembourg and the Greater Region, are welcome

Why? For a free exchange between parents of angel babies, to create a strong community, to develop new contacts between parents, to normalise the way we handle the subject of stillbirth and baby loss, to communicate and listen, to share the story of their child and their own emotions

How? A “Safe Space” for discussions without constraints, rules or discomfort. Accompanied by affected mothers as well as the photographer of the non-profit organisation.

DE

Wer? Willkommen sind alle Sternenkindereltern aus Luxemburg und der Großregion

Warum? Zum unverbindlichen Austausch zwischen Sternenkindereltern, um zusammen eine starke Gemeinschaft zu bilden, um neue Kontakte zwischen Eltern herzustellen, um den Umgang mit dem Thema Sternenkinder zu normalisieren, zum Reden und Zuhören, um die Geschichte seines Kindes zu teilen und um seinen Gefühlen freien Lauf zu lassen

Wie? Ein „Safe Space“ für Diskussionen ohne Druck, Regeln oder Hemmungen. In Begleitung von Sternenkindermüttern und der Fotografin der Organisation


		

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.