Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg

luxembourg.lu   guichet.lu   gouvernement.lu   Aner Säiten

4 - 12 Joer
13 - 18 Joer
soirees-thematiques-et-conferences
Eltereschoul online



Prestataire
Eltereschoul
Intervenant de l’activité
Nora Van Daele / Dunja Wolfsfeld
Fonction de l’intervenant
Sozialpädagogin, Coach parental systémique / Educatrice graduée, Coach parental systémique
Coût de l’activité
Gratuit
DEELEN

Webinaire : D’Pubertéit – wat eng Aventure (LU)

Mir paken d’Wallis fir eis op d’Aventure Pubertéit virzebereeden. Wéini fänkt dës Liewensphas un? Wat kënnt op d’Elteren duer? Wat fir eng Ressource brauche mir fir dës Aventure gutt ze iwwerstoen?

Ziler vun der Aktivitéit: D’Eltere kréien allgemeng Informatioune zur Pubertéit. Si wësse wat ob si duer kënnt a wéi eng Stolpersteng si evitéiere kënnen. Si léiere sech selwer besser kennen, wou hir perséinlech Chantiere sinn a wéi se domat ëmgoe kënnen.

 

Webinaire fir Eltere vu Kanner vun 10-16 Joer (LU)

Inscriptioun: rygrerfpubhy@xnaarefpuynff.yh

Gitt wannechgelift den Titel vun der Aktivitéit un wann Der  Iech aschreift.

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.