Am Kader vun der Kannerwoch (13.05. - 19.05.23) huet sech den Eltereforum dem Kannerfestival (13.05 & 14.05) am Centre Culturel vun der Abbaye Neimënster ugeschloss. An diversen Ateliere fir z’entdecken, fir ze spillen, oder fir kreativ ze sinn, konnten d’Familljen esou eng Vilfalt vu Beräicher aus der non-formaler Bildung kenneléieren a gläichzäiteg e flotte Moment verbréngen.
D’Ekipp vum Eltereforum huet profitéiert fir hei an en Austausch mat den Elteren ze kommen, fir op hir Froen anzegoen, an och fir no Themen ze froen, déi d’Elteren aktuell an hirem Alldag beschäftegen, bzw. wéi eng Offeren d’Elteren sech vum Eltereforum wënsche géifen.
Weider Events, op deenen d’Elteren d’Ekipp vum Eltereforum ausserhalb vun eise Plazen uechtert Land kënne kenneléieren, fannt Dir an eisem Agenda.



