
Am Juli konnte mer eis iwwer zwou offiziell Ouverture Feeën. A Presenz vum Minister Claude Meisch, villen Éieregäscht aus der lokaler Politik, Vertrieder vun Associatiounen, konnten eis Gäscht, dorënner natierlech och d’Elteren an hir Kanner sech ee Bild vun eise Raimlechkeeten zu Beetebuerg an zu Maarnech maachen.
Richteg lieweg ass et an den Elterefore vu Maarnech a Beetebuerg scho méi laang, dat mat allerhand Aktivitéite fir d’Elteren an hir Kanner, mee och wéi Niederanven sollten dës Eltereforen d’Méiglechkeete kréien zesumme mat de lokalen Acteuren am Kader vun engem feierlechen Optakt an den Austausch ze kommen.
Weider Elterefore maachen ab dem Ufank vum Schouljoer 2023 hir Dieren op, dat zu Bartreng, Esch-Belval, Ettelbréck, Hesper a Luerenzweiler. Ufank 2024 gëtt de Site vu Wolz opgemaach.






