Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg

Wat weess d’Wëssenschaft zu den Effekter vu klengen a groussen Ecrane bei Kanner?

Grouss oder kleng Ecrane sinn ëmmer méi present an de Kanner hirem Liewen a bidde vill Méiglechkeeten. Mee kënne si hinnen och schueden? Vill Eltere kennen déi éiweg Diskussioun doheem, wéi vill Smartphone oder Bildschiermzäit fir Kanner an der Rei ass. Dat gëtt och an der Wëssenschaft nach diskutéiert. An et ass eng Fro, déi guer net sou einfach ze beäntwerten ass.

D’Wëssensvermëttler vu science.lu hu sech wëssenschaftlech Studien zum Thema ugekuckt a maachen an dëser Episod vun „Ziel mir keng!“ de Resumé vun der aktueller Studielag.

RTL huet dëst Format zesumme mat science.lu vum Fonds National de la Recherche (FNR) lancéiert: e Science-check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu