SHARE

American Culture Wars (LU)

American Culture Wars – an hiren Afloss op d’Verständnis vun eiser Gesellschaft (Table ronde)

Dës Table Ronde behandelt een Thema, dat sech net sou einfach gräife léisst: Wéi eng Aflëss hunn déi sougenannte «Culture Wars» déi sech an den USA scho länger ofspillen, op eis an eist Verständnis vun eiser Gesellschaft?
Extrem Identitéitsbewegungen, radikal Positiounen, sozial Spaltungen – all dat si Grënn vu politeschen a gesellschaftleche Konflikter – AN enger Gesellschaft. Kann een opschaffe, wat dësen zu Gronn läit? A sech d’Fro stellen, ob dat sech och am europäesche Gebitt esou weist oder iwwerhaapt weise kann?
Den Hannergrond vun sou Ausenanersetzungen sinn ganz oft Froen zu deem, wat eis als Mënschen an als Gemeinschaft ausmécht? Si mer een Ensemble vu Partikularitéiten, wou all Differenz wichteg ass – oder sinn mer awer ee Mateneen, dat dës Komplexitéit ëmfaasse kann? Dës Diskussioun ze féiere gëtt ëmmer méi schwiereg, wann dat Gemeinsaamt vun eis Mënschen am Hannergrond steet, wa jiddereen seng Iddi, seng Positioun, seng Meenung als déi eenzeg Wourecht ugesäit. Sinn mir just eis Identitéit – oder dach awer méi? Wéini gëtt dat «grousst Ganzt» Symptom vun enger Verwässerung an Ënnerdréckung? Wéini gëtt «meng Partikularitéit» radikal an ausgrenzend?
D’Trennlinnen si méi wéi verwëscht, den Ëmgang mat deem Thema ass mat Emotiounen a mat schwaarz/wäiss Denke belueden – an dofir ass et ëmsou méi eis Flicht, sech rëm d’Grondsazfroen ze stellen.

Zielpopulatioun : Jugendlecher, Erwuessener, Interesséierter, Betraffener

Kontakt : vasb@rjo.yh

Aller au contenu principal