Den 8. Februar 2023 hate mer d’Éier de Service Eltereforum offiziell ze lancéieren. Am Kader vun der Porte Ouverte vun eisem Site zu Niederanven hat jiddwereen d’Méiglechkeet dëse kennenzeléieren.
![](https://eltereforum.lu/wp-content/uploads/2023/02/Inauguration-Eltereforum_08022023_small_36-1024x683.jpg)
![](https://eltereforum.lu/wp-content/uploads/2023/02/Inauguration-Eltereforum_08022023_small_36-1024x683.jpg)
Owes konnte mer dann, a beschter Gesellschaft, de Service Eltereforum virstellen, dat zesumme mam Claude Meisch, dem Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Raymond Weydert, Buergermeeschter vun der Gemeng Niederanven an dem Alain Massen, President vun der nationaler Elterevertriedung an eise Gäscht, der Daniela Kobelt-Neuhaus, Direktesch vum Bundesverband der Familienzentren (Berlin), dem Norbert Ganter, Direkter vum Bildungshaus Lurup (Hamburg) , der Petra Gerster, Direktesch vum Familienzentrum Karussell an dem Kathrin Burger, responsabel fir d'Kommunikatioun am Familienzentrum Karussell (Baden).