Den Eltereforum op der Journée d'Orientation vum Contrat d'accueil et d'intégration (November 2023)

Den Departement fir Integratioun vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun organiséiert biszu dräimol am Joer den Orientéierungsdag fir d'Signataire vum CAI (CAI: Contrat d'accueil et d'integration). An enger frëndlecher Atmosphär soll hei eng Plattform gebuede ginn fir am Kader vu Plenièren, themateschen Atelieren an Informatiounsstänn z’informéieren, an den interkulturellen Austausch ze fërderen.

Fir déi éischte Kéier zënter der offizieller Ouverture amFebruar 2023 konnt sech den Eltereforum de 35 deelhuelende Vertrieder vu verschiddenen Verwaltungen an Associatiounen uschléissen. Eng besonnesch wäertvoll Geleeënheet, fir d’Mataarbechter vum Eltereforum fir sech mat villejonken an zukünftegen Elteren auszetauschen. Den Orientatiounsdag hueteis d’Méiglechkeet ginn, d’Elteren z’erreechen, fir si beim Knäppe vun neie Kontakter a beim Ausbau vun hiren Netzwierker z'ënnerstëtzen.

Weider Informatiounen zur Journée d'Orientation fannt Dir hei: https://forum-cai.lu/?lang=fr

Klickt hei fir den offiziellen Communiqué: https://mfamigr.gouvernement.lu/fr/support/recherche.gouvernement%2Bfr%2Bactualites%2Btoutes_actualites%2Bcommuniques%2B2023%2B11-novembre%2B14-journee-orientation.html

 
 

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d'Recht, eng Datei mat all Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen, déi mir iwwer Iech späicheren. Dir kënnt och d'Berichtigung vun ongenaue perséinlechen Donnéeën an d'Läschung vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeën ufroen, wann d'Späicherung vun dësen Donnéeën net méi néideg ass. Dëst schléisst net Donnéeën an, déi aus administrativen, juristeschen oder Sécherheetsgrënn musse gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.