Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg

luxembourg.lu   guichet.lu   gouvernement.lu   Aner Säiten

Sensibiliséierung vun der Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer – Rockmega et MegaCatalogue

De Ministère fir Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer (MEGA) ass a 4 Haaptdepartementer opgedeelt: Gläichberechtegung an de Gemengen, Gläichberechtegung an der Aarbecht, Gläichberechtegung am sozialen Secteur a Gläichberechtegung an der Educatioun.

Wéinst dem politesche Wëlle vun enger Sensibiliséierung am fréien Alter vun der Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer, huet de MEGA duerch seng Responsabel fir Gläichberechtegung an der Educatioun eng Rei vun Aktivitéiten lancéiert a Materialien zesumme gestallt, déi speziell fir Kanner a Jugendlecher entworf gi sinn. D’Zil ass et, Meedercher a Jongen fier Geschlechtstereotypen ze sensibiliséieren, se an hirem Orientéierungsprozess z’ënnerstëtzen a sécherzestellen, datt déi selwescht Jonker hir perséinlech a berufflech Entwécklung kënne mat bestëmmen, onofhängeg vun Grenzen, déi mat hirem Geschlecht verbonne sinn.

De MEGA a seng Partner proposéieren eng Panoplie un Sensibiliséierungsmaterial, Atelieren oder Training fir Eenzelpersounen, Elteren a Familljen. E puer Beispiller fannt Dir ënnert : https://www.megacatalogue.lu/lu/start

Wéi kommen Eltere gutt duerch d‘Pubertéit vun hire Kanner ?

Kënnt Der Iech nach un Är Pubertéit erënneren? Et ass eng immens wichteg Liewensphase, an där Zäit räift ee vum Kand zum jonken Erwuessenen. Mee fir all Bedeelegter ass d’Pubertéit keng liicht Zäit mat engem Potpourri u Gefiller.

Zentrum fir politesch Bildung

Zentrum fir politesch Bildung est une fondation qui a pour but de promouvoir la citoyenneté à travers une meilleure compréhension de la démocratie et des défis sociétaux actuels. Les parents et les jeunes sont encouragés à participer activement à la vie et aux débats politiques. Les mots clés sont apprendre – comprendre – participer.

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.