Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg

luxembourg.lu   guichet.lu   gouvernement.lu   Aner Säiten

Schwangerschaft – 3 Joer
4 - 12 Joer
13 - 18 Joer
campagnes-et-informations
Prestataire
ErwuesseBildung
Intervenant de l’activité
Roland Meyer
Coût de l’activité
10 € Erwuessener, 5 € Kanner, 1,5 € Kulturpass
DEELEN

Liesung : “Kannerbicher fir erwuesse Leit”, mam Auteur R. Meyer (LU)

De Roland Meyer huet elo seng Trilogie vu “Kannerbicher fir erwuesse Leit” ofgeschloss. Dozou gehéiert den 2004 fir d’éischt opgeluechte Klassiker vun der Lëtzebuerger Kanner- a Jugendliteratur “Den décken dommen Dudu”, d’Geschicht vun engem vill ze décke Jong, deen et an der Schoul net einfach huet. “Mango Panda” ass am Joer 2007 erschéngen an thematiséiert “d’Irrungen an d’Wirrungen” vun engem 12-jährege Meedchen, dat sech déi éischte Kéier verléift. 2017 dunn ass mat “Tel Mo” dat drëtt Buch aus der Serie erauskomm, wat de “Lëtzebuerger Buchpräis 2017” gewonnen huet an op der Shortlist fir de Servais-Präis 2018 war. Hei geet et em ee portugisesche Jong, dee weder Halt a senger Famill nach an der Schoul fënnt a seng Zerrassenheet versicht duerch Gewalt ze kompenséieren. D’Theaterstéck “King Tel Mo Rei”, dat am Wanter 2023 Première hat ass d’Fortsetzung vun deem Roman.

Dës Bicher beschäftegen sech allen dräi mat ganz eeschten an zum Deel esouguer existenzielle Problemer vu Kanner a Jugendlechen, dat iewer all Kéier op eng ganz humorvoll Aart a Weis, ouni moraleschen Zeigefanger an ëmmer mat vill Léift an Empathie fir d’Haaptcharakteren. Allen dräi sinn et “coming of age”- Geschichten, déi weder an de Kitsch nach a verlugen Draamwelten ofdriften, mee d’Problemer beim Numm nennen; ebe Kannerbicher fir erwuesse Leit.

Fir Kanner ab zéng Joer, am flottsten zesumme mat hiren Elteren, iewer och fir all Erwuessenen, deen déi hoffnungsvoll Freed an déi onerhéiert Gréisst vum Kand-Sinn nach net vergiess huet, liest de Roland Meyer kuerz, lëschteg an ironesch Geschichten aus dësen dräi Bicher an zesumme gëtt iwwer dat, wat Kandheet am Moment hei zu Lëtzebuerg ausmécht, diskutéiert. (Präis: 10 € Erwuessener, 5 € Kanner, 1,5 € Kulturpass)

Umeldung bis den 13.10.2023

Fier weider Informatiounen : vasb@rjo.yh

 

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.