D'Elterefore si Plazen, op deenen all d'Eltere sech an engem frëndleche Kader austauschen, informéieren a begleede loosse kënnen.
Am Juli konnte mer eis iwwer zwou offiziell Ouverture Feeën. A Presenz vum Minister Claude Meisch, villen Éieregäscht aus der lokaler Politik, Vertrieder vun Associatiounen, konnten eis Gäscht, dorënner natierlech och d’Elteren an hir Kanner sech ee Bild vun eise Raimlechkeeten zu Beetebuerg an zu Maarnech maachen.
Am Kader vun der Kannerwoch (13.05. - 19.05.23) huet sech den Eltereforum dem Kannerfestival (13.05 & 14.05) am Centre Culturel
Wéi och d’läscht Joer, huet d’YEP! (Kuerz fir Youth, Education & Professions) Schoulfoire Schüler aus dem Fondamental, esou wéi...
Den 8. Februar 2023 hate mer d’Éier de Service Eltereforum offiziell ze lancéieren. Am Kader vun der Porte Ouverte vun eisem Site zu Niederanven hat jiddwereen d’Méiglechkeet dëse kennenzeléieren.
Service Eltereforum
33, Rives de Clausen
L-2165 Luxembourg
Postadress:
L-2926 Luxembourg
Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.
Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.
Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.
Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.
Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).
Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.